WiederweltWanter 2016-17 kee Rekordwanter

De Wanter ass wuel nach net eriwwer. Um Kalenner dauert en nach 5 Wochen an och meteorologesch leien nach 11 Deeg Wanter virun eis.

© Author: 3dman_eu; Source: pixabay.com; Licence: CC0 Public Domain
Haut gëtt et awer scho e Bilan vum Wanter 2016/17... deen op mannst a Punkto Nidderschlag rekordverdächteg ass:

16/02/2017 Pop History: 2016-17 kee Rekordwanter

An awer kee Rekord opstelle wäert. Et ass en aussergewéinlech dréchene Wanter an och wann déi lescht Deeg vum meteorologesche Wanter nach richteg naass géife ginn, géif en ze dréche bleiwen. Dat kann een haut scho soen. Genee wéi een haut och scho soe kann, dass de meteorologesche Wanter 2016/17 net deen dréchenste Wanter wäert ginn, dee bis ewell zu Lëtzebuerg gemooss ginn ass.

Hei am Land existéieren Nidderschlagsmesuren, déi bis an d'Joer 1854 zeréckginn an déi virun enger décker Dose Joren och homologéiert goufen, esou dass se benotzt kënne gi fir déi eenzel Jore mateneen an och ënnerteneen ze vergläichen.

De Wanter 2016/17, also d'Méint Dezember, Januar a Februar, fält däitlech ze dréchen aus. Bis hënt um Hallefnuecht si fir d'Klimastatioun Lëtzebuerg-Stad grad emol 54 Liter Reen oder Schnéi zesummekomm, mol keng 30% vum Nidderschlag, deen normalerweis an de 90 Deeg meteorologesche Wanter ze falen huet. Domat dierft deen aktuelle Wanter dee 14. Wanter zënter 1854 ginn an deem manner ewéi 100 Liter Schnéi a Reen zesummekomm sinn an deen éischte mat esou wéineg Nidderschlag zënter 1984/85, wou och nëmme 96 Liter zesummekomm waren.

Den aktuelle meteorologesche Wanter gëtt awer – an dat steet elo scho fest – net deen dréchensten iwwerhaapt. Dat ass a bleift de Wanter 1890/91, wou op déi dräi Méint Dezember, Januar a Februar grad emol 45 Liter Nidderschlag gefall waren.

Am Dezember 1890 waren et grad emol 6 Liter, am Dezember 2016 ëmmerhi 7! Am Januar 1891 waren et du mat 37 der wuel 12 méi ewéi an dësem Joer, mä duerfir ass de Februar 2017 elo schonn däitlech méi naass, wéi deen aus dem Joer 1891. Deemools ware knapp 2 Liter Nidderschlag op déi 28 Deeg zesummekomm, dëst Joer si mer scho bei 22.

E Rekord kéint deen aktuelle meteorologesche Wanter awer nach briechen, dee vun de meeschte Sonnestonnen, zënter dass 1931 ugefaange gouf dës hei am Land ze moossen. Mä dee Bilan kann ee wierklech eréischt nom 28. Februar zéien, well falls e gebrach gëtt, gëtt et eng ganz enk Geschicht tëscht dësem Wanter an deem vun 1962/63.