WiederweltLoftverschmotzung um oppene Mier

D'Croisière leien nach ëmmer voll am Trend bei de Reesen. Klimatechnesch si se awer net ganz onëmstridden:

© AFP
11/03/2017 Wiederwelt: Loftverschmotzung um oppene Mier


An enger rezenter Publikatioun seet den Naturschutzbund Deutschland, NABU, dass een eenzegt Croisièresschëff op enger Rees ongeféier genee esou Ofgaser produzéiert ewéi 5 Milliounen Autoen, déi eng selwecht laang Streck géife fueren.

Um Beispill vun der Nordsee, deem Mier mam meeschte Schëffsverkéier weltwäit, léisst sech impressionnant novollzéien, dass d'Ofgaser vun den andauernd ronn 3000 Schëffer, déi do ënnerwee sinn, net just um oppene Mier bleiwen, mä vu Wand a Wieder deels Dosende Kilometer an d'Länner laanscht d'Nordsee gedroe kënne ginn. Et sinn virum allem Stéckoxider, Schwiefeldioxid, renge Stëbs an Ozon.

E Schëff ass wuel, am direkte Verglach mat engem Camion oder enger Diesellokomotiv zimlech effizient beim Verbrenne vu sengem Sprit, mä d'Regulatioune fir d'Emissioune sinn däitlech manner streng wéi se dat zum Beispill och bei private Ween sinn. Allerdéngs sinn och hei éischt Mesuren a Kraaft gesat gi fir grouss Schëffer zu méi klenge Loftverschmotzer ze maachen an domat zemools den Awunner vun de Gebitter ronderëm déi grouss Cargo- a Croisièresheefen eng besser Loftqualitéit z'erméiglechen. Et gëtt, zënter dem 1. Januar 2015 an Nordamerika an Europa Zonen an deenen d'Schwiefelemissioune vun de Schëffer méi staark kontrolléiert ginn.

An dësen, sougenannte SECA-Zonen, däerfe Schëffer och just nach Brennes benotzen, dee maximal 0,1% Schwiefel huet, virum Januar 2015 war nach Brennes mat bis zu 1% Schwiefel erlaabt.

A modern Schëffer dierften an den nächste Joren och ëmmer méi vu traditionellem Pëtrol op Flësseggas ëmgestallt ginn, wat dozou féiere wäert, dass bedeitend manner Knascht vun den Ozeanrise fräigesat gëtt an d'Loftqualitéit op an ronderëm d'Schëffer genee esou wéi laanscht d'Küsten an Heefe besser dierft ginn.