WiederweltWat Fossilien iwwert de Klima verroden

Korrekt Temperaturreien, mat deenen d'Evolutioun vum Klima novollzu ka ginn, existéieren eréischt zënter ronn 150 Joer.

Wéi een de Klima vu fréier awer trotzdeem rekonstruéiere kann, dat ass haut Thema an der Wiederwelt:

13/03/2017 Wiederwelt: Wat Fossilien iwwert de Klima verrode

Fir Klimatologen ass et wichteg besonnesch exakt ze wëssen, wéi sech de Klima am Laf vun der Zäit verännert huet an dowéinst ginn nieft de renge Klimadaten, déi et nach net esou laang gëtt och aner Methode vun de Wëssenschaftler benotzt fir de Klima vu fréier z'analyséieren.

Buerkärer aus dem éiwegen Äis kënnen do hëllefen, well déi eenzel Äiscouche wéi d'Réng an engem Bamstamm funktionéieren, déi vun de Klimatologen natierlech och gäre bei der Rekonstruktioun vum Klima benotzt ginn. Eng aner Method méi iwwert d'Wieder an de Klima vu fréier gewuer ze ginn si Planzepollen, déi am Sediment vu Gewässer fonnt kënne ginn a weise wéi eng Planz wéini wou ze fanne war.

Dës hunn allerdéngs den Nodeel, dass se vum Wand zum Deel richteg wäit kënnen transportéiert ginn an deels och do ze fanne sinn, wou déi respektiv Planzen net ze fanne sinn oder ze fanne waren.

Fir deem Problem aus de Féiss ze goen hu Fuerscher ronderëm den Oliver Heiri vun der Universitéit Bern elo Méckelarven, déi am Bulli vun zwee norditalienesche Séie konservéiert goufen analyséiert. Mat deene wier et, esou d'Klimafuerscher, méiglech regional vill méi efficace Klimarekonstruktiounen ze maachen, well Méckegruppen an hir Ënnergruppe sech geografesch dacks vill besser agrenze loossen ewéi dat mat de Pollen de Fall ass.

Dës wäerten de schwäizer Wëssenschaftler no natierlech och an Zukunft nach eng Roll beim Zeréckverfollege vum Klima spillen, allerdéngs wäerten d'Méckelarven et erméigleche regional méi präzis ze soen, wéi de Klima fréier emol war. Mat hiren aktuellen Analysen hunn d'Klimatologen iwwregens beleeë kënnen, dass et virun 9000 bis 5000 Joer am Mëttelmierraum méi waarm war, wéi bis ewell ugeholl a konnten domat Widderspréch aus méi alen Etuden aus der Welt schafen.