WiederweltSchnéistuerm Stella an Nordamerika

Iwwerdeems et bei eis an Europa dës Woch scho richteg Fréijoer war, huet Nordamerika den Héichpunkt vum Wanter erlieft.

© NASA
D'Wiederwelt beschäftegt sech haut mam "Stella":

16/03/2017 Wiederwelt: Schnéistuerm "Stella" an Nordamerika

En hat eng Zuchbunn wéi en Hurrikan, war awer e Schnéistuerm. En Dënschdeg huet d'“Stella“ der amerikanesch Ostküst an e Mëttwoch der kanadescher Provënz Québec gewisen, dass et um Kalenner nach ëmmer Wanter ass. Iwwerdeems déi grouss Stied direkt laanscht den Atlantik mat engem bloen A dovunner komm sinn, zu Manhattan waren et just ronn 20 Zentimeter Schnéi, eng Quantitéit mat där se zu New York relativ gutt kënnen eens ginn, war et am Hannerland vun der amerikanescher Ostküst, do wou déi éischt Hiwwelen ze fanne sinn, däitlech méi uerg.

Zu Bingham, enger Stad knapps 200 Kilometer nordwestlech vun New York, hat de Blizzard „Stella“ 79 Zentimeter Schnéi ogeliwwert. Am meeschte Schnéi ass en Dënschdeg den Owend, am Québec um fréie Mëttwoch Moie Lokalzäit gefall an et waren deels bis zu 10 Zentimeter an der Stonn. West Winfield am US-Bundesstaat New York ass esou op eng Rekordhéicht vun 104 Schnéi a manner ewéi 24 Stonne komm.

Am Québec war et manner de Schnéi, mä éischter de Wand, deen d'Leit geplot huet. Virun allem laanscht de St-Lorenz-Stroum huet deen uerdentlech geroost. Zu Montréal si Wandspëtzte vun 109 km/h gemooss ginn, zu Québec selwer war et esou eng maximal Wandvitesse vun 140 km/h an dat ass déi héchste Wandspëtzt, déi an dëser kanadescher Metropol iwwerhaapt bis ewell gemooss ginn ass.

An Nordamerika berouegt sech d'Wieder elo. D'Iwwerrechter vum „Stella“ sinn amgaange virun ze zéien iwwert den Nordatlantik a wäerten sech Uganks vun der nächster Woch dann iwwer Skandinavie leien an esou och bei fir méi onbestännegt a virun allem däitlech méi killt Wieder suergen. Temperature bis an d'Géigend vun den 20°C sinn nom Dag vun haut fir d'éischt emol zu Lëtzebuerg net méi wahrscheinlech.