WiederweltSécher Lagerplaz fir Äisprouwen

D'Äis vun de Gletscheren erméiglecht de Wëssenschaftler e Bléck zeréck an d'Klimageschicht ze geheien, mä wat maachen, wa weltwäit d'Gletschere schmëlzen?

© AFP
18/03/2017 Wiederwelt: Sécher Lagerplaz fir Äisprouwen


D'Äis vun de Gletscheren soll an d'Antarktis bruecht ginn. Okay, op den éischte Bléck kléngt dat esou, wéi wann een Eilen op Athen droe wëll, mä d'Klimaarchiver, déi d'Gletscheren nun emol sinn, sollen der Nowelt erhale bleiwen a wa weltwäit d'Gletschere schmëlzen, da muss eng vun de wichtegste Quelle fir Klimageschicht eben op där Plaz a Sécherheet bruecht ginn, wou eise Planéit am Keelsten ass an dat ass de Südpol.

De franséische Klimafuerscher Jérôme Chappellaz huet esou zum Beispill am leschte Summer, zesumme mat Kollegen aus Frankräich, Italien a Russland 3 Äisbuerkäre vun all Kéiers 140 Meter Längt aus dem Mont-Blanc-Gletscher geholl. Mat deem Äis kann een, bis un d'Ufäng vun der industrieller Revolutioun Loftverschmotzung an industriell Aktivitéiten an Europa erfuerschen, oder an der Schicht vum Joer 1986 de Grad vu radioaktiver Kontaminatioun erausliesen.

De Chappellaz ass iwwerzeegt dovunner, dass een a 50 oder 100 Joer nach vill méi Informatiounen aus dem Gletscheräis erausliese kann, wéi dat mat eisen aktuellen technesche Moyenen de Fall ass, mä de Risiko besteet awer, dass et bis dohin net méi vill Gletscheren, op mannst emol an den Alpen gëtt.

Mä och soss an der Welt schmëlzen se. Esou ass an de bolivianeschen Anden 2009 de leschte Rescht den Chacaltaya-Gletscher geschmolt an de louch ëmmerhin op iwwer 5300 Meter Héicht.

Déi eenzeg sécher Killtrou, déi d'Klimawëssenschaftler gesinn, ass d'Antarktis. Esou sollen an den nächsten 10 Joer eng 20 Äisbuerkären aus der ganzer Welt do an enger Schnéihiel bei der franséisch-italienescher Fuerschungsstatioun Concordia gelagert ginn. Esou wann d'Südpolstatioun emol kee Stroum méi hätt, dierften d'Temperaturen an der Hiel kaum iwwer -50°C klammen an de Klimaarchiv aus de Gletschere wier geschützt.

Bëlleg ass déi ganz Aktioun allerdéngs net. Alleng fir déi éischt 5 Joer vum Projet gi ronn 2 Milliounen Euro gebraucht, déi gréisstendeels aus private Spende gedeckt ginn, notamment vun engem weltwäit aktive Liewensmëttelproduzent, dee sech op déifgekillte Kascht spezialiséiert huet.