WiederweltNaass Woch an der arabesch Wüst erwaart

An der Wiederwelt vun haut geet et an Arabien, wou et nawell genuch Reen wäert ginn an dëser Woch.

© kachelmannwetter.com

An et ass net fir d'éischt an de leschte Méint, dass et op der arabescher Hallefinsel reent, mä bis Enn vun der Woch dierft nach emol zolitt Reen dobäi kommen. Dat gëlt fir grouss Deeler vun der Hallefinsel an och fir d'Vakanzeregiounen zu Dubai an an de Vereenten Arabeschen Emirater.

Déifdrockgebitter bestëmmen d'Wieder dës Woch am mëttleren Osten, déi fiicht a kill Loftmassen a Richtung Saudi Arabien dirigéieren.

D'Reenzommen, déi bis den nächste Samschdeg an dësem Deel vun der Welt erwaart ginn sinn leien a grousser Deeler vum Irak, mä deels och an den anere Länner iwwer 20 Liter op de Quadratmeter am Iran sinn esouguer lokal iwwer 50 Liter Reen méiglech, dat virun allem an de Bierger südlech vun der Haaptstad Teheran a genee do, ewéi och am Norden vum Irak, un der Grenz mat der Tierkei, also am Kurdeland, kënnen am Laf vun der Woch esou e puer Zentimeter Schnéi zesumme kommen.

A wa ronn 20 Liter Reen op de Quadratmeter elo net no enormen Quantitéiten ausgesinn, esou sinn esou Reenzommen an Arabien am Mäerz schonn aussergewéinlech. Als Beispill just emol de Fluchhafe Bahrain erausgepickt! An der Moyenne reent et hei emol keng zwee Deeg am Mount Mäerz. An der Moyenne falen zu Bahrain 74 Liter Reen – am ganze Joer a grad emol 11 Liter am Mäerz. Et ass allerdéngs schonn emol virkomm, dass bannent nëmmen engem Dag um Bahrainer Fluchhafen 25 Liter Reen gefall sinn. De Reen vun dëser Woch kéint lokal awer trotzdeem nei Rekorder op der arabescher Hallefinsel bréngen.