WiederweltCO2 Previsioune fir 2017

An der Wiederwelt geet et haut ëm den CO2 an eiser Atmosphär:

10/04/2017 Wiederwelt: CO2-Previsioune fir 2017


An do méi genee mat Previsiounen, déi viraussoen, ëm wéi vill d'Konzentratioun vum Zäregas an dësem Joer an d'Luucht goe soll. 2016 war jo dat éischt Joer zënter der industrieller Revolutioun an där d'Konzentratioun vun CO2 an der Äerdatmosphär permanent iwwert dem Seuil vu 400 ppm, Milliounstel Deeler pro Kubikmeter Loft bliwwe war an do drënner dierft d'CO2-Konzentratioun och esou bal net méi falen.

En plus ass nach ni méi CO2 nei an d'Atmosphär bäikomm ewéi tëscht 2015 an 2016. Grond duerfir kéint den extrem staarken „El Niño“ gewiescht sinn, deen déi ganz éischt Halschent vum leschte Joer meteorologesch virun allem an der südlecher Hemisphär vun eisem Planéit geprägt hat.

Fir dëst Joer rechnen d'Wëssenschaftler vum englesche Wiederdéngscht, déi virun e puer Wochen hir CO2 Previsioune fir 2017 erausbruecht hunn, virun domat dass d'Konzentratioun vum Gas wat entsteet wa fossil Brennstoffer verbrannt ginn, virun an d'Luucht geet, allerdéngs net grad esou staark ewéi am leschte Joer.

De CO2-Peak vun dësem Joer dierft an den nächste Wochen erreecht ginn an deen Ament dierften dann eng ronn 410 ppm um Observatoire vum Mauna Loa op Hawaii gemooss ginn, déi Statioun, déi a ronn 4000 Meter Héicht iwwert dem Mieresspigel zënter 1958 onënnerbrach d'CO2-Konzentratioun an der Loft mësst.

Et ass ganz normal, dass d'Konzentratioun vum CO2 Enn Abrëll, Uganks Mee am héchsten ass. Nom Wanter an der Nordhallefkugel, wou et méi Landmasse gëtt ewéi op der Südhallefkugel fänken d'Planzen am Fréijoer un CO2, dee si fir ze wuesse brauchen, aus der Loft ze filteren.

Den CO2-Minimum vun dësem Joer erwaarden d'Klimatolog vum britesche Metoffice dann Enn Oktober, mat ronn 403 ppm, gutt 2 méi ewéi am Hierscht vum leschte Joer.