WiederweltNei Weeër an der Meteo

An de sozialen Netwierker gëtt et vill Leit, déi sech intensiv mam Wieder beschäftegen an déi regelméisseg iwwert déi Kanäl hir Previsiounen un de Recht...

... vun der Welt viru ginn, mä och institutionell Wiederdéngschter sinn amgaangen de Notze vum Smartphone fir sech z'entdecken:
13/04/2017 Wiederwelt: Nei Weeër an der Meteo



Privat Wiedersäite sinn der, déi dacks dausende Follower hunn a vun hirer Community och regelméisseg gesot kréie wat bei den eenzelen User grad aktuell a punkto Wieder lass ass, also wéi waarm oder kal et ass, ob et reent, schneit, stiermt oder d'Wieder grad roueg ass.
Genee op dee Wee geet elo och de staatleche franséische Wiederdéngscht „Meteo France“ fir déi et natierlech och wichteg ass esou genee ewéi méiglech ze wësse wéi d'Wieder aktuell ass. Dowéinst bedreift „Meteo France“ natierlech e grousse Reseau u Wiederstatioun um ganze franséischen Territoire an awer wéilten sech an der Zentral vum Wiederdéngscht zu Toulouse gären nach méi am Detail Bescheed wëssen, wéi d'Wieder grad ass.
Dowéinst ass zënter kuerzem eng App vum franséische Wiederdéngscht disponibel iwwert déi een als privat Persoun an ouni mussen duerfir eng eege Wiederstatioun ze hunn, de Meteorologe vu „Meteo France“ hëllefe kann.
Ob een dat elo regelméisseg mécht, oder just heiansdo, ass u sech egal, wichteg ass dem franséische Wiederdéngscht u sech just, dass een hinnen iwwert d'App, déi eng Geolocalisatiounsfunktioun agebaut huet, seet op et grad reent, niwweleg ass, op en Donnerwieder amgaangen ass an ob an deem eventuell esouguer Knëppelsteng falen.
Am Moment ass d'App just fir Android-Geräter an enger Beta-Versioun ze kréien, mä se ass gratis a ka sécher hëllefen, dass d'Previsioune vu „Meteo France“ fir Frankräich an der noer Zukunft nach méi präzis kënne ginn.

OFSO