WiederweltHistoresche Vulkanausbroch datéiert

Wëssenschaftler ass elo gelongen en historesche Vulkanausbroch a Korea präzis ze datéieren

15/04/2017 Wiederwelt: Historesche Vulkanausbroch datéiert


An der Stäerkt vun der Eruptioun ass déi vum Paektu, wéi de Vulkan, deen un der Grenz vun Nordkorea a China läit, wahrscheinlech just nach mat där vum indonesesche Vulkan Tambora ze vergläichen, deen 1815 explodéiert war an duerfir gesuergt hat, dass d'Joer 1816 an Europa an Nordamerika als Joer ouni Summer an d'Geschicht agaangen ass.
Bei der „Millenium-Eruptioun“ vum Paektu, op Lëtzebuergesch „de Bierg mam wäisse Kapp“, sinn awer och eng ronn 100 Kubikkilometer Äschen a Lava an d'Atmosphär geblose ginn an op eng Surface vu ronn 33000 Quadratkilometer verdeelt ginn. D'Eruptioun vum Paektu war déi wahrscheinlech stäerksten an de leschten 2000 Joer.
Bis ewell konnt se awer net genee datéiert ginn. Dat huet sech elo geännert. An deem ganze Areal, wat deemools vernicht ginn ass, sinn och bal sämtlech Beem verkuelt, esou dass dës haut net méi kënne benotzt gi fir un Hand vun hire Réng dat geneet Joer vun der Eruptioun festzeleeën.
Wéi den Zoufall et awer wollt, ass genee ee Bam, deemools esou gënschteg vun der Vulkaneruptioun ewechgerappt ginn, dass en net verbrannt ass, a well en ënner Äsche begruewe war, bis haut erhale bliwwen ass.
Et ass en Dännebam, dee Fuerscher vun der Cambridge Universitéit op d'Joer 775 zeréckdatéiere konnt. Dee leschte Joeresrank vum Bam entsprécht deem vun 946, esou dass dës gewalteg Vulkanexplosiv am Wanter vun deem Joer muss gewiescht sinn.
Dat deckt sech och mat enger japanescher Erzielung, déi vu Geeschtlechen aus engem Tempel bis haut iwwerliwwert gëtt an déi erzielen, dass den 3. November 946 wäiss Äschen ewéi Schnéi vum Himmel gefall ass. Dat ass awer déi eenzeg historesch Iwwerliwwerung vum Ausbroch vum Paektu, déi duerch de Bamstamm, den elo analyséiert konnt ginn, bestätegt gouf.
An och wann de Paektu zënter sengem „Millenium-Ausbroch“ virun iwwer 1000 Joer roueg ass, esou kéint en zu all Ament nees erwäschen an nees zu enger gréisserer Katastroph fir seng Ëmgéigend ginn.