WiederweltDe 17. Abrëll 1949

Haut geet et an der Wiederwelt wäit zeréck an d'Vergaangenheet. Et geet zeréck an d'Joer 1949:

http://perma.rtl.lu/a/937961.mp3

Den Abrëll vun deem Joer ass an eiser Géigend en aussergewéinlech dréchenen, sonnegen a waarme Mount. Esou ass den Temperaturrekord fir den Abrëll fir d'Wiederstatioun um Findel nach ëmmer aus dem Joer 1949.
Haut virun 68 Joer waren et do 27,0°C, eng Valeur, déi bis haut net nach eng Kéier do erreecht konnt ginn. Et war awer just de wäermsten Dag an enger Serie vu waarmen Deeg, déi den 15. Abrëll 1949 lassgaange ware mat 25°C zu Munneref an esouguer 26°C zu Gréiwemaacher an Iechternach. De 16. Abrëll waren et esouguer schonn 29°C zu Gréiwemaacher an den Héichpunkt vun der fréisummerlecher Hëtzt ass dunn den 17. respektiv den 18. Abrëll 1949 enregistréiert ginn.
Haut virun 68 Joer waren et nieft de genee 27°C um Findel, 28°C zu Klierf an zu Gréiwemaacher mat 30,0°C an Iechternach mat 30,5°C ass esouguer deen Ament den éischten a bis ewell historesch fréisten Hëtztdag hei zu Lëtzebuerg gemooss ginn.
Fir vill Wiederstatiounen am Land war domat den Héichpunkt vun der Abrëllshëtzt ereecht, net awer fir de Findel, dee säin Abrëllsrekord um 18.4.1949 nach emol egaliséiert huet an och net fir Gréiwemaacher, wou et esouguer 30,4°C waarm gi war.
An den Deeg duerno war et wuel net méi héichsummerlech waarm, den Abrëll 1949 ass awer agreabel op en Enn gaange mat Temperaturen, déi bis Enn vum Mount regelméisseg iwwer 20°C klamme konnten.
Op de ganze Mount gekuckt krut den Abrëll 1949 awer viru genee 10 Joer de Rekord ofgeholl. Zënter hir ass den Abrëll 2007 dee wäermsten Abrëllsmount, deen et bis ewell hei am Land gouf a mat engen 325 Sonnestonnen um Findel och dee sonnegsten aus der Geschicht vun der Wiederstatioun vum nationale Wiederdéngscht, déi zënter 1947 onënnerbrach funktionéiert.

OFSO