WiederweltAktuell kal Wiederphas

An dëser Nuecht war mat bis zu -9°C am Éislek, déi keelsten Nuecht vun dësem Abrëll.

© Jean-Claude Muller
Eng Nuecht, déi méi ewéi sécher grousse Schued an den Uebstplantagen uechtert d'Land ugeriicht huet. Laanscht d'Musel ware schonn an der virleschter Nuecht vill Bléien erkaalt. Duerch déi niddreg Temperature vu gëscht op haut dierft och de Groussdeel vun de Kiischte vun dësem Joer erkaalt sinn. De Yann Logelin kuckt haut, an der Wiederwelt, ewéi aussergewéinlech dës Keelt am Abrëll ass:

Eent virop, den Abrëll vun dësem Joer ass, ewéi dat an deem typeschen Iwwergangsmount, deen den Abrëll nun emol ass, ee mat ville Gesiichter.  No enger richteg waarme Start an de Mount, kruten d'Temperaturen zënter leschtem Samschdeg eng uerdentlech bei den Deckel an hunn et och dagsiwwer kaum nach iwwer 10°C gepackt.
Virun allem déi dräi lescht Nuechte ware richteg kal. Generaliséierte Frascht, am ganze Land an esou wuel an den Däller ewéi och op de Koppen, an 3 Nuechten noeneen ass an der zweeter Hallschent vum Abrëll schonn eng Ausnam, awer näischt Neies.
Lokal sinn an der leschter Nuecht wuel nei Rekorder a punkto Minimaltemperature fir déi zweet Dekad vum Abrëll opgestallt ginn, mä op kenger vun den RTL-Wiederstatiounen ass de Rekord vun der absoluter Minimaltemperatur vum véierte Mount vum Joer gebrach ginn. Dës Rekorder, déi tëscht -4,9°C zu Beetebuerg a -9,1°C zu Béiwen leien, sinn, mat Ausnam vun der RTL-Statioun zu Ëlwen, alleguer vum 8. Abrëll 2003.
Mä fir déi zweet Dekad vum Mount, also d'Period tëscht dem 11. an 20. Abrëll, sinn hënt am Statiounsreseau vun RTL zwee Rekorder gebrach ginn. Zu Béiwen war et -7,7°C kal, ee Grad manner nach ewéi den 17. Abrëll 2012 an zu Waasserbëlleg waren et an der leschter Nuecht minimal -3,4°C, en hallwe Grad ënnert dem Dekaderekord vu bis ewell, deen do de 14. Abrëll 2001 gemooss gouf.
Deemno kann ee soen, dass d'Déifsttemperature wéi mer aktuell hunn, schonn niddreg sinn, mä net aussergewéinlech a ronn all 10 Joer an deem Mooss an der zweeter Halschent vum Mount z'erwaarde sinn.
D'Konsequenze vun esou Minimaltemperaturen op d'Vegetatioun, déi nom mëlle Start an de Mount, knapp zwou Wochen Avance op den Normalzoustand hat, dierften allerdéngs grouss sinn, a virun allem d'Kiischte vun 2017 si mat den 3 kalen Nuechten, déi mer elo haten, fir dëst Joer wahrscheinlech zum Groussdeel scho gepléckt.
An der nächster Nuecht erwaarden eis nach emol tëscht 0 a -5°C an da kommen eng Rei méi mëll Nuechten op eis duer.