WiederweltZwee Deeg gutt an dann …

Een Dag, een Dag nach besser an da kënnt déi kal Dusch vun uewen... Esou kann een am Fréijoer dacks d'Wieder bei eis definéieren, mä firwat eigentlech?

25/05/2017 Wiederwelt: Zwee Deeg gutt an dann ...


De Wiederverlaf, deen elo just beschriwwe gouf, ass typesch fir eis Géigend, typesch fir Mëtteleuropa. No zwee Deeg Sonn a Wäermt erwaart eis dacks eng Kalfront mat Schaueren an eventuell esouguer strammen Donnerwieder.

Dat hänkt mat der Klimazon zesummen an där Lëtzebuerg läit. Mir hunn et am Wanter seele richteg äiskal, am Summer awer och dacks net ze hëtzeg. Dat läit un der Westwandzrikulatioun, déi duerfir suergt, dass mer eben dacks dat selwecht Wiedermuster kréien.

Wa sech waarm Loftmasse bei eis breet gemaach hunn, ginn d'Temperaturgéigesätz zum dach relativ killen Atlantik ze grouss. Déi waarm Loftmassen iwwert dem Kontinent klammen dann an d'Luucht, dat ass physikalesch onvermeidlech an et fléissen nei Loftmasse vum killen Atlantik no. Dës sinn, well se vum Ozean kommen, och fiicht an esou entsti Schlechtwiederfronten, déi da vu West no Ost iwwert de Kontinent zéien. Nom Passage vun esou enger Front sinn d'Temperaturgéigesätz tëscht Kontinent an Ozean nees ausgeglach an d'Spillche fänkt vu vir un. En Tëschenhéich entsteet, hëtzt d'Loft op a rebelotte...

Dat ass den typesche Wiederverlaf fir West- a Mëtteleuropa. Bestännegt Héichdrockwieder, mat wochelaang Sonn an Hëtzt, ass an eiser Géigend éischter d'Ausnam. Mir leien duerfir ze no um Polarjet, der soi-disant Autobunn op där d'Déifdrockgebitter an der Atmosphär transportéiert ginn.

An de Summerméint kann et emol sinn, dass dëse Polarjet sech méi wäit an den Norde verlagert an da kënne mir och hei, wa sech dobäi eng stabil Drockverdeelung astellt, vun e puer Woche Sonn an Hëtzt profitéieren, esou wéi dat, zum Beispill, 2003 oder och nach am leschte Joer am August a September de Fall war. Mä am Fréijoer ass et meeschtens esou, dass d'Wieder sech dacks ännert an dass ee vun de gudden Deeg profitéiere sollt esou bal wéi se do sinn.