WiederweltRéckbléck op de meteorologesche Summer

Mat engem Réckbléck op de Summer 2017 start haut eng nei Saison vun der Wiederwelt, mat Fakten, Informatiounen a Kuriositéite ronderëm Wieder a Klima:

11/09/2017 Wiederwelt: Röckblöck op de meteorologesche Summe


Meteorologesch si mer jo zënter dem 1. September am Hierscht, och wann en dem Kalenner no eréischt den 22. lassgeet, mä duerfir hat och de ganze Juni zum meteorologesche Summer gezielt an et war virun allem de Juni, deen och richteg summerlech war.

Tëscht dem 19. an dem 22. Juni hate mer 4 Deeg um Stéck op deenen et quasi am ganze Land all Dag méi ewéi 30°C waarm war an den Héichpunkt vum Summer, op mannst a punkto Hëtzt, war mat enge 37,5°C um Virowend vun Nationalfeierdag zu Schengen erreecht ginn. Mä och am Juli ass et dacks nach summerlech bis héichsummerlech viru gaangen, esou goufen et och am zweete Summermount nach emol bis zu 6 Hëtztdeeg laanscht d'Musel. Alles an allem war de Juli awer scho méi no un der Klimanorm ewéi nach de Juni, dee war 2,5 Grad ze waarm, de Juli just nach 1 Grad. Den August dunn huet exakt der laangjäreger Norm vun den RTL-Wiederstatiounen entsprach a war och punkto Summerdeeg, also Deeg mat iwwer 25,0°C zimlech knéckeg. Zu Ëlwen gouf et där grad emol 3 an zu Béiwen 4 am ganzen August. Déi 3 Summerméint zesumme waren awer schlussendlech 1 Grad méi waarm ewéi normal.

Dann ass d'Dréchent aus de leschte Méint och e bëssen am Summer 2017 opgefaange ginn. Iwwerdeems am Juni an am August all Kéiers just ronn 75% vum normale Reen gefall sinn, hat de Juli, dee bal duebel esou naass war ewéi normal duerfir gesuergt, dass am Duerchschnëtt vun den RTL-Wiederstatioune mat 233 Liter esouguer 17 Liter méi Reen ewéi an engem normale Summer gefall sinn.

Dat heescht awer net, dass de meteorologesche Summer, deen hannert eis läit vill ze däischter gewiescht wier. D'Sonn huet am Schnëtt vun den RTL-Statiounen op déi 3 Méint 600 Stonne geschéngt, normal wieren der 612.

2017 hate mer schlussendlech also e ganz normale Lëtzebuerger Summer, dee just eng Grëtz ze waarm war.