WiederweltDe gëllenen Oktober

Fir de Weekend kréie mer vun de Wiedermodeller e puer gëllen Oktoberdeeg versprach. Déi sinn awer dacks éischter eng Ausnam:

© Jean Walté
12/10/2017 Wiederwelt: De gëllenen Oktober


Gëlle gëtt den Oktober jo just dann, wann d'Sonn op déi giel a rout verfierfte Blieder vun de Beem an den Hecken schéngen kann a richteg gëllen am Fong dann och nëmmen, wann d'Temperaturen och nach emol matspillen an een op mannst iwwer Mëtteg an am Nomëtteg och emol nach a kuerzen Äerm dat gutt Wieder genéisse kann.

Béides schéngt fir de Weekend garantéiert ze sinn, well e grousst Héichdrockgebitt iwwer dem Alperaum duerfir suergt, dass kaum bis keng Wolleken op Lëtzebuerg zéien an dass Lëtzebuerg awer och esou läit, dass d'Loftzirkulatioun ronderëm d'Héichdrockgebitt eis mat mëlle Loftmassen aus dem Mëttelmierraum versuerge kann.

Den Oktober ass awer schonn e richtegen Hierschtmount. Temperaturen iwwer 25°C, also Summerdeeg, sinn zwar net ausgeschloss awer extrem rar.

Et gouf se an de leschten 30 Joer just eng eenzeg Kéier an dat war an der Period vun 1. bis de 3. Oktober 2011, wou et deels awer bis zu 27°C waarm war. Esouguer Temperaturen iwwer 20°C, wéi se de Weekend plazeweis méiglech sinn, sinn éischter eng Ausnam am Oktober. Esouguer laanscht d'Musel! D'RTL-Wiederstatioun zu Waasserbëlleg kënnt, zënter 1996, grad emol op eng Moyenne vun 2,8 Deeg am Oktober mat méi ewéi 20°C Héchsttemperatur.

An och a punkto Sonn gi mer am Oktober normalerweis net esou verwinnt. Am Schnëtt kréie mer ronn 100 Stonne Sonn am 10. Mount vum Joer, besonnesch sonneg war awer den Oktober 1947, also viru genee 70 Joer, mat knapp 207 Stonne Sonn um Findel am Contraire zu deem vum Joer 1974, wou d'Sonn sech um Findel grad emol 28 Stonne laang gewisen hat.

E rezente gëllenen Oktober war awer sécher och dee vun 2005, wou et ronn 170 Stonne Sonn zu Ëlwen a Beetebuerg gouf a wou et laanscht d'Musel tëscht dem 27. an dem 31. nach emol 5 Deeg mat méi ewéi 20°C gouf.