WiederweltWandrekorder

Suite dëse Weekend vun der Serie ronderëm déi meteorologesch Weltrekorder an der Wiederwelt:

© AFP
21/10/2017 Wiederwelt: Wandrekorder


Haut gëtt et stiermesch. Dës Woch ass um Fastnet Rock an Irland jo den iresche Wandrekord vun 185 km/h op 191 km/h eropgesat ginn, dat war beim Passage vum Ex-Hurricane Ophelia de Fall, mä déi 191 km/h sinn nach wäit ewech vun de Wandweltrekorder.

Dee Weltrekord hält nämlech zënter dem 10. Abrëll 1996 d'Wiederstatioun Barrow Island an Australien, wou deen Dag e Wandstouss vun 112,3 m/s gemooss ginn ass, dat entsprécht 407,5 km/h. Dëse Wandstouss war deemools beim Passage vum tropeschen Zyklon „Olivia“ gemooss ginn an ass déi héchste Wandvitesse, déi bausst engem Tornado bis ewell konnt festgehale ginn.

An der nërdlecher Hemisphär läit de Wandrekord bei 371,8 km/h gemooss den 12. Abrëll 1934 op 1856 Meter Héicht um Mount Washington am US-Bundesstaat New Hampshire, där wahrscheinlech stiermeschster Plaz vun der Welt. An der Moyenne bléist de Wand hei nämlech op 110 Deeg am Joer mat Orkanstäerkt, also mat Vitessë vun op mannst 119 km/h.

Déi héchste Wandvitessë vum Planéit ginn allerdéngs an Tornadoe gemooss. Hei steet de Weltrekord bei 135 m/s, also bei 486 km/h. D'Wiederstatioun vu Bridge Creek an US-Bundesstaat Oklahoma, also matten an der berüchtegter Tornado-Alley, huet dës Wandvitesse Uganks Mee 1999 gehat.

Dogéint ass de Wandrekord hei am Land scho bal nëmmen eng kleng Lëftchen. 146,3 km/h goufen Enn Februar 1990 um Findel gemooss, wéi deemools den Orkan Wiebke iwwer Lëtzebuerg ewech gezu war an ënnert anerem bal de komplette Bambësch ëmgeblosen hat.