WiederweltWonschwieder

An d'Flemm mam Wieder? Vun elo u kann iech deen Ament gehollef ginn:

© Screenshot: www.wetter-bestell-dienst.de
26/10/2017 Wiederwelt: Wonschwieder


Eng Wiederwelt, déi ech net zu 100% fir boer Mënz géif huelen. Viru kuerzem sinn ech am Internet awer op en interessante Site gestouss, bei deem den Numm Programm ass. En heescht nämlech wetter-bestell-dienst.

Op der Homepage offréieren d'Bedreiwer vum Site, dass si dat Wieder liwwere wat een zu engem bestëmmten Zäitpunkt op enger bestëmmter Plaz brauch. Wann dir also Schloreen um Dag braucht wou den Ex-Partner sech bestit: kee Problem. Oder Sonn an agreabel Temperature fir den nächste Weekend eppes dobaussen z'ënnerhuelen: ass ze maachen! Liichte Frascht elo op Allerhellege fir am neien Anorak vum Mantelsonndeg net ze schweessen: dat einfachst vun der Welt... op mannst emol de Webmastere vum wetter-bestell-dienst no.

Wéi genee de Service funktionéiere soll, verroden d'Bedreiwer vun dëser dach spezieller Homepage net. Se beruffe sech op de Virwëtz vu grousse Wiederdéngschter, déi hire Business nawell gäre kopéiere géifen an halen hiert Wiederrezept dowéinst geheim.

Sämtlech Bestellung kënnen zertifiéiert ginn an den Zertifikat kann ee sech ouni groussen Opwand iwwert de Site och erausprinten. De Feedback vun de Clienten, also op mannst dee Feedback, deen um Site selwer ze liesen ass gréisstendeels positiv, och wann heiansdo emol bemängelt gëtt, dass et e Grad ze kal oder zwee ze waarm war.

An esou ofgedréint ewéi d'Iddi och ass. Bis ewell hu sech schonn iwwer 22600 Leit hiert Wieder online bestallt an déi Bestellunge goufen op 3645 Deeg, déi de Site elo schonn online ass, fir iwwer 7600 verschidde Plazen op der ganzer Welt gefrot.

Also wann dir mam aktuelle Wieder absolut net méi averstane sidd, da bestellt iech et esou wéi der wëllt. De Link bei d'Wonschwieder elo an der Wiederwelt op meteo.rtl.lu