WiederweltWat den November alles esou kann

Mam November si mer elo am leschte vun de meteorologeschen Hierschtméint ukomm. Wat kann eis dann am November alles erwaarden?

© AFP
02/11/2017 Wiederwelt: Wat den November alles esou kann


Den November kann am Fong vu gëllenem Hierscht bis hin zu batterem Wanter alles liwweren, meeschtens bréngt en déi zwou Saachen, déi ech elo hei genannt hunn awer net am selwechte Joer fäerdeg.

De Maximum, deen d'RTL-Wiederstatiounen am Guttland bis ewell gemooss hunn, läit bei 20,6°V, déi den 6.11.2011 zu Bartreng um Thermometer stoungen. Dee wäermsten Novemberdag am Éislek war bis ewell den 1. November 2015, wou d'Wiederstatioun zu Ëlwen, mat Sonn pur, 17,7°C gemooss hat, iwwerdeems et am Guttland de ganzen Dag iwwer dréif bliwwe war an dacks emol keng 10°C waarm war.

Den November kann awer och scho richteg Frascht bréngen. Dee keelsten aus de leschten 100 Joer war den November 1921 mat enger Duerchschnëttstemperatur vu grad emol 0,3°C op der Wiederstatioun Kënzeg, déi vun der Akerbauverwaltung zënter 1907 bedriwwe gëtt.

Och Schnéi ass am November keng Ausnam. Fir den 11. Mount vum Joer steet hei, bei der Klimastatioun um Findel, e Maximum vu 16,4 Zentimeter am Buch, dat war den 28.11.1985, wou op der Abtei zu Klierf esouguer 21 Zentimeter gemooss goufen.

Wann am November Schnéi gefall ass an et kënnt eng stärekloer Nuecht hannendrun, da kënnen d'Temperaturen och scho richteg an d'Gettë goen. Esou war et an der Nuecht op den 23. November 1998 am ganze Land tëscht -9°C an esouguer -14,7°C zu Béiwen kal.

Dat hei waren elo e puer Extremer vun dësem Mount, deen awer méi ewéi sécher gutt fir den éischte Frascht ass, obschonns den éischte Schnéi, op mannst am Guttland statistesch nach bis Uganks Dezember op sech waarde loossen dierft, mä beim Wieder weess ee jo ni... a scho guer net e ganze Mount am Viraus.