WiederweltNidderschlagsrekorder

An der Wiederwelt geet et haut ëm Reen... vill Reen... Rekordreen!

© AFP
28/10/2017 Wiederwelt: Nidderschlagsrekorder


Beim Reen gëtt et besonnesch vill Weltrekorder an déi interesséieren eis jo grad weekends an der Wiederwelt. Fänke mer u mat Schloreen. De 4. Juli 1956 sinn zu Unionville am US-Bundesstaat Maryland 31,2 Liter Reen bannent 60 Sekonne gefall, bal 10 Mol méi ewéi dëst Joer am ganzen Abrëll um Findel.

Och de Stonneweltrekord am reenen ass en amerikaneschen. Dee gëtt vun der Wiederstatioun Holt an Bundesstaat Missouri gehalen, wou den 26. Juni 1947 305 Liter Reen a 60 Minutte gefall sinn, esou vill ewéi um Findel dëst Joer tëscht Uganks Januar an Enn Juli.

De meeschte Reen op engem Dag ass a Frankräich gefall. Méi präzis zu Foc-Foc op der Ile de la Reunioun, wou vum 7. op den 8. Januar 1966 1825 Liter Reen bannent 24 Stonne vum Himmel koumen, mä och de Rekord fir de meeschte Reen bannent 72 Stonnen ass op där franséischer Insel opgestallt ginn. Vum 24. bis de 26. Februar 2007 waren am Cratère Commerson 3930 Liter Reen, méi Reen ewéi hei zu Lëtzebuerg normalerweis a 4 Joer fält.

Op e Joer gekuckt huet awer den indesche Subkontinent, bedéngt duerch de staarke Summermonsun d'Nues a punkto Reen däitlech vir. Tëscht dem 8. August 1860 an dem 7. Juli 1861 sinn zu Cherrapunji 26,47 Meter Reen op de Quadratmeter gefall. Duerfir misst et heiheem 29 Joer an 3 Méint laang reenen.

Och de Weltrekord vum gréisste Knëppelsteen ass an deem Deel vun der Welt opgestallt ginn. De 14. Abrëll 1986 ass zu Gopalganj am Bangladesch en Äiscube vun 1,02 Kilo aus enger Donnerwiederwollek gefall.

Dann nach déi längste Period komplett ouni Reen. Déi ass tëscht November 1903 a Januar 1918 zu Arica an der chilenescher Atacama-Wüst opgezeechent ginn, wou et carrement 173 Méint um Stéck iwwerhaapt keng Drëps Reen gouf.