WiederweltSoss Wieder-Weltrekorder

Ofschloss haut vn der klenger Weekends-Serie an der Wiederwelt iwwer Weltrekorder aus der Welt vum Wieder:

© AFP
04/11/2017Wiederwelt: Soss Wieder-Weltrekorder


Temperaturen, Loftdrock, Nidderschlag a Wand hate mer jo schonn an de leschte Wochen, mä d'Weltwiederorganisatioun mat Sëtz zu Genève sammelt awer och nach aner, deels kuriéis Rekorder.

Esou steet de Weltrekord vun engem Géigestand, deen duerch en Tornado transportéiert gouf, zum Beispill, bei 359 Kilometer. Esou wäit ass am Abrëll 1991 e Scheck geflunn, vu Stockton am Kansas op Winnetoon am Nebraska.

Et ass och de mëttlere Weste vun den USA, deen de Rekord fir déi meeschten Tornadoe bannent engem Dag hält. De 27. Abrëll 2011 hate sech do net manner ewéi 207 där lokal enk begrenzter Wierbelstierm gebilt.

Mä och punkto Donnerwieder gëtt et e puer interessant Wiederrekorder. Esou sinn zu Dronka an Egypten den 2. November 1994 469 Mënschen déidlech vu Blëtzer getraff ginn. 21 Doudesaffer hat een eenzege Blëtzschlag 1975 am Simbabwe gefuerdert. Dee längste Blëtz a punkto Ausdehnung konnt den 20. Juni 2007 um 6:07 Weltzäit am Oklahoma enregistréiert ginn. E war 321 Kilometer laang. Dee längste Blëtz a punkto Durée ass den 30. August 2012 an der Provence gemooss ginn. Do hat ee Blëtz 7,74 Sekonne laang gedauert.

Nach zwee Rekorder aus der Welt vun den Tropestierm, déi allebéid vum Hurricane, respektiv Taifun John 1994 opgestallt goufen. Den John huet 31 Deeg laang existéiert, vum 10. August bis den 10. September an ass an där Zäit 13280 Kilometer duerch de Pazifik gezunn, entstane war en als Hurricane knapp westlech vu Panama an am Laf vu senger Rees ass aus him en Taifun vun der héchster Kategorie ginn, ier e sech e Mount méi spéit um oppene Pazifik opgeléist huet. Well en déi ganzen Zäit just iwwert den Ozean gezu war, hat den John wuel keng Doudesaffer gefuerdert, mä duerch seng Konditioun huet e sech seng Plaz an de Rekordbicher vun der Meteorologie awer verdéngt.