WiederweltVerschidde Forme vu Frascht

Och wann et bis ewell nach net gefruer huet, esou ass et just nach eng Fro vun der Zäit bis bei déi éischt Nuecht mat negativen Temperaturen.

23/10/2017 Wiederwelt: Verschidde Forme vu Frascht


Et gëtt verschidden Zorte vu Frascht, déi een ënnerscheede kann. Éischtens emol de Buedemfrascht, deen a 5 Zentimeter iwwert dem Buedem gemooss gëtt, vum Loftfrascht, deen an 2 Meter Héicht gemooss gëtt.

Mä och beim Loftfrascht kann een nach verschidde Kategorien definéieren. Do wier emol fir unzefänken de Fréifrascht. Dat ass Frascht, dee schonn optrëtt wann d'Vegetatiounsperiod nach net eriwwer ass, also am September. Fréifrascht ass éischter rar, mä en emol virkënnt kann dat Konsequenzen op d'Recolte vu Planzen hunn, déi eréischt spéit zeideg ginn. E Beispill fir esou eng Phas vu fréiem Frascht gouf et am Hierscht 1997, wou et op sëlleche Plazen am Land tëscht dem 14. a 16. September 3 Nuechte mat negativen Temperature gouf.

Um aneren Enn vun der Fraschtskala steet logescherweis de Spéitfrascht, deen den Uebstbaueren an dësem Joer, mat Temperaturen deels ënner -5°C an zweeter Halschent vum Abrëll vill Suerge bereet hat, well do vill Bléien einfach erfruer waren.

Tëscht deenen zwou Zorte vu Frascht läit an de Wanterméint dacks den Nuetsfrascht, also Frascht, dee just dann optrëtt wann et däischter ass an d'Loft esou ofkillt, dass d'Temperaturen ënner 0°C falen.

Bei Frascht am Wanter kann een dann, egal ob e just nuets oder och am Dag optrëtt, nach emol tëscht zwou Zorte vu Frascht ënnerscheeden. Frascht mat Schnéi um Buedem, dee fir d'Vegetatioun ënnert dem Schnéi kaum eng Gefor duerstellt, well de Schnéi dës deen Ament isoléiert an de Buedem net batterkal ka ginn a Frascht, deen optrëtt ouni dass Schnéi läit. Fält deen extrem aus, kënne Planzen a Wuerzelen am Buedem, well dësen net duerch eng Schnéischicht geschützt ass, esouguer erfréieren.

An der Moyenne gëtt et hei am Land iwwregens tëscht knapp 60 Deeg mat Frascht zu Schengen, Waasserbëlleg an Ettelbréck a bis zu knapp 100 Deeg mat minimalen Temperaturen ënner 0°C zu Béiwen.

Wann op engem Dag d'Temperatur iwwerhaapt net iwwert de Gefréierpunkt klamme kann, da schwätzt ee vun Dauerfrascht an där Deeg, esougenannten Äisdeeg hu mer pro Joer an der Moyenne tëscht 9 zu Ettelbréck a Waasserbëlleg an 21 zu Ëlwen.