WiederweltMéi kal Wanteren duerch de Klimachangement

D'Wiederwelt vun haut steet am Zeeche vu kale Wantere matten an Zäite vu Klimachangement:

© AFP
30/10/2017 Wiederwelt: Méi kal Wanteren duerch de Klimachang


Dat kléngt villäicht fir unzefänken e bëssen no engem Paradox, mä et ass awer esou. An de leschten 20 Joer sinn d'Wanteren a Sibirien ëmmer méi kal ginn an et huet och méi geschneit, mä och an Nordamerika, Asien an Deeler vun Europa gouf et – matten am Klimachangement – ëmmer nees markant kal Perioden, déi enger Etüd vum "Potsdam Institut für Klimafolgenforschung", kuerz PIK, mat Changementer an der Loftzirkulatioun iwwert dem Nordpol zesummen hänken dierften.

Normalerweis entsteet am Wanterhallefjoer e staarken Héichtewand, dee ronderëm déi nërdlech Polarregioun kreest. Dës „Arktesch Oszillatioun“, wéi se genannt gëtt, ass deen Ament eppes ewéi eng Barrière tëscht der extrem kaler Loft iwwert dem Nordpol an der däitlech méi mëller Loft an de mëttlere Breedegraden, zu deene jo och Lëtzebuerg ze zielen ass.

Duerch d'Klamme vun den Temperaturen an de leschten 20 Joer ass dëst Staarkwandband allerdéngs däitlech méi schwaach ginn, esou dass déi extrem kal Loftmassen net méi um Nordpol gefaange bleiwen an och emol Richtung Süden transportéiert kënne ginn.

Genee dëse Phänomen suergt elo duerfir, dass et an de leschte Joren a Sibirien an de Wanterméint méi kal ginn ass a well duerch déi méi héich Temperaturen am Summer och am Wanter nach Deeler vum Mier nërdlech vu Sibirien laang äisfräi sinn, kënnen d'Loftmasse Fiichtegkeet ophuelen, esou dass an där kaler russescher Provënz och méi Schnéi fale kann.

Bei eis a Westeuropa waren d'Wanteren an der lescht éischter vill ze mëll, mä och dës Tatsaach passt an de Schema, dee vum PIK entworf ginn ass. Wann déi kal Loftmassen iwwer Sibirien Richtung Süde fléissen, fléissen iwwer Westeuropa waarm Loftmasse Richtung Nordpol, wat och déi deels extrem héich Temperaturen a Géigenden ewéi Spitzbergen erkläre kann, wou et iwwer wäit Deeler vum leschte Wanterhallefjoer just liichten amplaz vu strengem Frascht gouf.

Dorausser elo awer ze schléissen, dass mir et dëst Joer mat engem mëllen oder kale Wanter ze di kréien, ass net méiglech. Dat hänkt alles dovunner ob sech déi „Arktesch Oszillatioun“ net awer voll ausbilde kann an, wann dat net Fall sollt sinn, wéi e Wee déi kal Loftmassen a Richtung Süden huelen. Sollte se sech an dësem Joer fir déi Wee iwwert déi britesch Inselen decidéieren, kéinte mir heiheem och e richteg kale Wanter kréien. Mä virauszegesinn ass dat elo nach net.