WiederweltD'Wieder fréier an haut

Haut de Moie kucke mir an der Wiederwelt zeréck op de 6. November:

© AFP
06/11/2017 Wiederwelt: D'Wieder fréier an haut


2007, also virun 10 Joer, war de 6. November en dacks groen Dag. Grad emol 30 Minutte Sonn gouf et deen Dag zu Bartreng, iwwerdeems vill aner Statiounen aus dem RTL-Reseau deen Dag iwwerhaapt keng Sonn haten. Et war elo awer net wéi wa méi ewéi e puer Drëpse Reen gefall wieren, mä frëndlech war et viru genee engem Joerzéngt net, bei 6 bis 8°C maximal am Éislek an 8 bis 11°C am Guttland.

Virun 20 Joer war et wuel liicht méi mëll, mat bis zu 13°C zu Waasserbëlleg, mä virun allem am Guttland och däitlech méi naass ewéi virun 10 Joer. Den 6. November 1997 sinn am Guttland flächendeckend iwwer 10 Liter Reen gefall, am Éislek waren et der tëscht 2 a 5.

Ähnlech dréif war et viru 25 Joer, wou et just laanscht d'Musel e puer Opklärunge mat bis zu annerhallwer Stonn Sonn gouf an deen Ament och ronn 12°C. Am Recht vum Land war de 6.11.1992 dréif mat e bësse Reen an 7 bis 10°C frësch.

Méi frëndlech war et op den Dag genee viru 40 Joer. Mat bis zu 6 Stonne Sonn war et deemools och den éischten dréchenen Dag am November 1977, dee mat vill Reen ugefaangen hat. En plus war et och richteg waarm fir November mat Temperaturen tëscht 12°C a knapp 16°C.

Ähnlech Temperaturen, tëscht 10°C a ronn 15°C gouf et och haut viru 60 Joer. Am Contraire zum 6. November 1977 war deen aus dem Joer 1954 awer verreent an naass. Obschonns et um Schluss vum Mount mat just knapp 40 Liter an der Landesmoyenne en alles an allem ze dréchene Mount sollt ginn.

Dat fir déi ronn Daten.

Et kann een awer nach den 6. November 1980 ernimmen. Deeg Dag gouf et just laanscht Musel, Sauer an Uelzecht liicht Plusgraden. Um Findel waren et deen Dag maximal -1,2°C an zu Klierf grad emol -2°C als Maximum.

An och de 6. November 1955 wou et plazeweis bis zu 18°C waarm war. Ier et den 7. November 1955 esouguer nach ronn 2 Grad méi waarm gi war bei deemools schéinster Sonn.