WiederweltÉischte Klimamodell kritt elo 50 Joer

Aktuell ass zu Bonn d'Weltklimakonferenz an där et drëms geet, dass nom Accord vu Paräis elo endlech konkret eppes géint de Klimachangement gemaach gëtt.

© AFP
Klimachangement ass just mat Hëllef vu Klimamodeller viraus ze gesinn an deen éischte Klimamodell feiert elo seng 50 Joer:
09/11/2017 Wiederwelt: Éischte Klimamodell kritt 50 Joer

1967 ass tatsächlech dat Joer an deem d'Wëssenschaftler Syukuro Manabe a Richard T. Wetherald hir Aarbecht mam Titel „Thermal Equilibrium of the Atmosphere with a Given Distribution of Relative Humidity“ erausbruecht hunn. E Modell, deen, obschonns et eng Pionéieraarbecht am Gebitt vun der Klimatologie war, erstaunlech no de Realitéite läit, déi en halleft Joerhonnert duerno observéiert ginn.

Dozou an e puer Sekonne méi. Fir d'éischt emol waren et net Manabe a Wetherald, déi erausfonnt haten, dass d'Äerd vun engem natierlechen Zäreneffekt profitéiert, déi duerch eis Atmosphär ausgeléist gëtt. Déi Erkenntnis hat de Physiker Joseph Fournier scho viru ronn 200 Joer an deem seng Vermuddung ass 1896 wëssenschaftlech vum Svante Arrhenius konkret developpéiert ginn.

Ouni eis Atmosphär hätt eise Planéit eng duerchschnëttlech Temperatur vu -18°C, wat ronn 33 Grad manner sinn ewéi tatsächlech gemooss an ouni den Zäreneffekt wier kaum Liewen op der Äerd méiglech.

Dass Verännerungen vun der Zesummesetzung vun der Atmosphär Konsequenzen op all anere Parameter vun der Atmosphär hunn, dat ass viru 50 Joer eng éischte Kéier vun de Wëssenschaftler Syukuro Manabe a Richard T. Wetherald berechent ginn. Si waren déi éischt, déi d'Atmosphär net als statesche System gesinn hunn, mä verschidde Weeër vun Interaktiounen tëscht Gaser a Waasserdamp, tëscht Wollekecouverte a Sonnenastrahlung konsidéiert hunn, an dës mathematesch och an e Modell gefaasst haten.

De Berechnunge vun deenen zwee Klimafuerscher no, géif déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur ëm ronn 2°C an d'Luucht goen, wann d'CO2-Konzentratioun an der Atmosphär sech verduebele géif. Zënter dem Ufank vun der industrieller Revolutioun ass dës Konzentratioun ewell ëm ronn 50% an d'Luucht an d'Temperature weltwäit ëm méi oder manner 1 Grad geklommen. Den éischte Weltklimamodel vun 1967 loung also erstaunlech no un der Realitéit an déngt bis haut nach als Basis fir déi nei Klimamodeller, déi d'Interaktioun tëscht dem Wieder, den Ozeaner an de verschiddenen Zäregaser an der Atmosphär däitlech méi detailléiert beschreiwen ewéi de Modell „Thermal Equilibrium of the Atmosphere with a Given Distribution of Relative Humidity“ aus dem Joer 1967.

Sollt iech awer elo grad dee Modell interesséieren. E Link bei déi komplett Publikatioun vu viru 50 Joer fannt dir lénks uewen, nieft dësem Artikel.