WiederweltMäertesdag

Haut ass e sougenannte Lousdag. Den 11. November ass Mäertesdag an dat ass en Dag iwwert deen et meteorologesch esou Munches z'erziele gëtt:

© Source: pixabay.com
11/11/2017 Wiederwelt: Mäertesdag


Ugefaange mat der meteorologescher Singularitéit vum Mäertessummer. Dat ass nom „gëllenen Oktober“ dacks déi leschte Kéier wou d'Wieder sech nach emol richteg agreabel weist, ier et no an no ganz a Richtung Wanter geet. Reegelméisseg kënnt et vir, dass mir an den Deeg ronderëm den 11. November nach emol vun enger stabiller Héichdrocklag profitéiere kënnen, wou et nach emol sonneg gëtt an waarm Loftmassen aus Südwesten de Wee bis an eis Géigend fannen. Esou meteorologesch Singularitéite si statistesch nozeweisen, mussen awer net all Joer optrieden, wat an dësem Joer definitiv jo och de Fall ass.

Da gëtt et ronderëm Mäertesdag och eng ganz Bauerereegelen aus dem däitschsproochege Raum, esou zum Beispill och dës hei:

Schneit es uns über Martini ein (11.11.), so wird eine weisse Weihnacht sein

Dat ass eng Bauerereegel, déi sécher net fir eis Géigend erstallt gouf. Schnéi op Mäertesdag, also um 11. November ass méiglech awer extrem rar. D'Statioun Findel huet a 60 Joer nach ni Schnéi op engem 11.11. gemooss.

D'Nopesch-Klimastatioun vun Tréier hat den 11. November 2004 8 Zentimeter Schnéi. Allerdéngs louch hei iwwert d'Chrëschtdeeg du kee Schnéi. Den 23.12. hat Tréier wuel eng Schnéihéicht vun 2 Zentimeter, dee war awer um Moie vum Hellegowend geschmolt. An et sollt och an den Deeg duerno bei Temperaturen iwwer 0 Grad keen neie Schnéi ginn.

D'Statioun Elsenborn an de belschen Ardennen, op ronn 565 Meter Héicht, hat Mäertesdag 2004 5 Zentimeter Schnéi. Mä och hei war Chrëschtdag gréng. Vun den 13 Zentimeter Schnéi, déi nach den 23.12. do louche waren den Dag drop just nach Rechter iwwreg an an den Deeg duerno louch guer näischt.

Dës Reegel deckt sech also net mat eisem Klima, déi hei schonn éischter:

Wann d'Inte Mäertesdag um Äis stinn, da sti se Chrëschtdag am Dreck.

Well och wann et Mäertesdag nach emol sonneg a waarm ka ginn, esou sinn et zemools déi Deeg, déi gäre mat Frascht, also Äis starten a Chrëschtdag ass bei eis am Land an der Moyenne just all 9 Joer wäiss, also stinn d'Inten den 25. Dezember gäre mat de Féiss am Dreck.