WiederweltFrittefett mécht Wolleken

Eng nei wëssenschaftlech Etude huet erausfonnt firwat sech iwwer Stied méi einfach Wolleken entwéckele kënnen ewéi iwwert dem Land:

09/12/2017 Wiederwelt: Frittefett mécht Wolleken


An dat huet mam dagdeegleche Liewen an de Metropole vun der Welt ze dinn.

Wolleken entstinn ëmmer dann, wann d’Fiichtegkeet an der Loft kondenséiert, mä fir dass dat geschéie kann an eng Drëps an der Atmosphär kann entstoen, aus där, wann da bis genuch Drëpsen entstane sinn och Wolleke ginn, musse sougenannte Kondensatiounskären an der Loft sinn.

Dat si kleng Partikelen, déi zum Beispill beim Verbrenne vu fossille Brennstoffer entstinn, un déi d’Fiichtegkeet undocke kann. Dëse renge Stëbs kann awer duerchaus och säin Ursprong am Frittefett hunn. Wann eppes frittéiert oder am Fett gebrode gëtt entsteet Damp an duerch Schaarschtecher kënnt dësen och an d’Loft.

En Team vun europäesche Wëssenschaftler huet elo an enger rezenter Publikatioun an der Zäitschrëft “Nature Communications” nogewisen, dass den Undeel vu Fettpartikelen ënnert de Kondensatiounskären aus deene Wolleken iwwert eise Stied entstinn däitlech méi héich ka sinn, ewéi a ländleche Géigenden. Zu London, zum Beispill, entsteet all 10. Reendrëps duerch kleng Fettpartikelen, déi duerch Fast Food an aner Zorte vu Restauratioun an d’Loft geblose ginn. Esou e Partikel, deen an enger Friteuse entsteet, brauch nämlech tëscht zwou a 24 Stonne fir sech ze zersetzen an dat kann ënner Ëmstänn scho gutt duergoe fir dass kënschtlech Wolleken entstinn.

Dës kéinten dann och en direkten Afloss op d’Wieder an de Stied hunn an esouguer op den “Heat-Island-Effekt”, deen duerfir suergt, dass Stied sech méi ophëtzen ewéi d’Land ronderëm an dëse bremsen.

Eng Léisung an der Lutte géint de Klimachangement ass et, de Wëssenschaftler no, elo awer net wa mer all eis Liewensmëttel just nach frittéiert iesse géifen, guer net ze schwätze vun de gesondheetleche Konsequenzen, déi esou e Verhalen hätt.