WiederweltSchnéi am Dezember

Iwwer ze mann Schnéi am Dezember kënne mer eis jo an dësem Joer net bekloen a statistesch gesinn hätte mer es scho genuch:

© Guy Mathey
11/12/2017 Wiederwelt: Schnéi am Dezember


Der Klimamoyenne vum Findel no, an dat ass déi eenzeg Wiederstatioun hei am Land, déi de Schnéi op eng korrekt an novollzéibar Manéier zënter 70 Joer moosst, hu mer am Dezember grad emol 6,6 Deeg op deenen et dobausse wäiss ze gutt.

Dat heescht awer nach laang net, dass et an all Dezember hei am Land schneie muss. De Findel, zum Beispill, hat zënter dem Dezember 2000 net manner ewéi 4 Dezemberen an deenen et iwwerhaapt net wäiss dobausse ginn ass, allerdéngs och een, dat war den Dezember 2010 an deem iwwert déi 31 Deeg vum Mount Schnéi um Buedem louch.

Den Dezember 2010 war iwwerhaapt ee vun de geckegsten Dezemberen, elo reng wiedertechnesch gekuckt, aus der rezenter Vergaangenheet.

Den 8. Dezember haten eng ronn 15 Zentimeter Schnéi am Beruffstrafic owes dozou gefouert, dass honnerte vu Leit bis déif an d'Nuecht op Autobunnen an Nationalstroosse blockéiert waren.

11 Deeg méi spéit, um Sonndeg 19. Dezember, hat et, nodeems en Deel vum Schnéi vum 8. Dezember geschmolt war, nach emol esou kräfteg geschneit, dass deen Dag och déi bis ewell déckste Schnéicouche an engem Dezember um Findel konnt gemooss ginn. 34 Zentimeter waren et deen Ament.

An och iwwert d'Chrëschtdeeg war et wäiss an eleng op Hellegowend 2010 gouf et nach emol ronn 20 Zentimeter Neischnéi hei am Land.

Domat wiere mer dann och bei Chrëschtdag 2017. Do ass et, genee zwou Woche viru Chrëschtdag nach ze fréi, fir ze soen ob et Chrëschtdag dëst Joer wäiss dobausse wäert sinn, oder net.

Mä duerchschnëttlechen Temperaturen tëscht dem 24. a 26. Dezember vun 2,1°C op der RTL-Wiederstatioun zu Ëlwen, 3,1°C op där zu Stengefort a 4,0°C op der Statioun, déi RTL zu Waasserbëlleg stoen huet, gëtt et eben einfach keng Garantie duerfir, dass mer iwwert d'Chrëschtdeeg mam Schlitt fuere kënnen, och wann et do virdrun iwwer grouss Deeler vum Dezember déif wanterlech ka sinn.