WiederweltCO2-Emissiounen op neiem Rekord

D'Joer 2017 geet op en Enn an dat mat engem neie Rekord a punkto CO2-Emissiounen:

© AFP
16/12/2017 Wiederwelt: CO2-Emissiounen op neiem Rekord


37 Gigatonnen, also 37 Milliarden Tonne CO2 sinn an dësem Joer, der ONG Global Carbon Project no, duerch d'Verbrenne vu fossille Ressourcen an d'Atmosphär geblose ginn. Dat sinn 2% méi ewéi nach am leschte Joer a bal 70% méi CO2, dee bannent engem Joer fräigesat gouf, ewéi nach 1990.

Domat mécht den Undeel vun CO2, deen duerch d'Verbrenne vu Pëtrol, Gas a Kuel fräigesat gouf och 90% vun den totalen CO2-Emissiounen an dësem Joer aus. Dës chiffréiere sech am Ganzen op 41 Gigatonnen, déi 4 Gigatonnen, déi net duerch d'Verbrenne vu fossillen Energien entstane sinn, kommen zum Groussdeel aus der Landwirtschaft an do virun allem vum Ofholze vu Bëscher queesch iwwert de Planéit.

Am meeschten CO2 gëtt nach ëmmer duerch d'Kuel fräigesat, 43% vun all den Emissioune komme vun dëser Ressource, viurm Pëtrol mat 37% an dem Gas mat 20%.

China bleift och 2017 dat Land wat am meeschten CO2 an d'Atmosphär geblosen huet. 28% vun de weltwäiten CO2-Emissioune kommen aus deem Land. Do hannendru klasséiere sech d'USA mat 15%, d'europäesch Unioun mat 10% an Indien mat 7%.

Wann een awer de Cumul vun den CO2-Emissiounen zënter 1870 kuckt, dann hunn d'USA mat 26% d'Nues nach ëmmer virun Europa mat 22% a China mat 13%.

Ouni e substanziellt Erofsetze vun den CO2-Emissioune weltwäit ass et allerdéngs onwahrscheinlech, dass de Klimaschutzaccord vu Paräis, mat deem e Klamme vun der Duerchschnëttstemperatur vun der Äerd op manner ewéi 2 Grad soll limitéiert ginn, kann agehale ginn.