WiederweltDe Windchill

Wanterlech ass et jo ewell dobaussen, och wann d'Temperaturen am Dag nach knapp iwwer 0 Grad leien.

© Jordan Ladikos / Unsplash
Se spiere sech awer däitlech manner waarm un. Dat ass de berühmte Windchill an dee steet haut och am Mëttelpunkt vun der Wiederwelt:
18/12/2017 Wiederwelt: De Windchill


Firwat fillt et sech méi kal dobaussen u wéi et wierklech ass? Schold dorunner ass de Windchill, e Wuert wat aus dem Englesche kënnt. Wind ass Wand an Chill heescht op Lëtzebuergesch „sech duerch d'Keelt schudderen“. A genee dat geschitt eis jo dacks am Wanter, mä firwat eigentlech?
De Windchill-Effet beschreift jo d'Differenz tëscht der gemoossener an der gefillter Temperatur, déi een virun allem op Kierperdeeler spiert, déi der Keelt direkt exposéiert sinn.
Ausgeléist gëtt de Windchill doduerch dass relativ waarm Loft, déi een direkt laanscht eise Kierper fënnt op eng konvektiv Manéier ewech transportéiert gëtt an dass doduerch méi Flëssegkeet verdonst. Fir dëse Prozess gëtt natierlech Energie gebraucht, Energie, déi aus der Iwwerfläch vun eisem Kierper ofgezu gëtt an dës deementspriechend killt.
Wann da Wand ass, gëtt den Effekt, dass sech d'Uewerflächentemperatur vun eisem Kierper der Lofttemperatur upasst acceleréiert, wat mer dann esou empfannen, wéi wann et kill wier.
Windchill gëtt fir all Objeten, déi dem Wand ausgesat ginn, also och fir Planzen, Déieren an aner Géigestänn. Fir si gëllen am Prinzip awer aner Konditiounen ewéi fir de Mënsch, sou dass et hei keng Formele gëtt fir de Windchill ze berechnen.
Vu Windchill schwätzt een och just bei Temperaturen ëm oder ënnert dem Gefréierpunkt an ee konkret Beispill hunn ech och nach: Bei enger Maximaltemperatur vun 1,6°C a maximale Wandstéiss vun 33 Kilometer an der Stonn spiere sech déi 1,6°C un ewéi -5,5 Grad.
Wieren et just -2°C gewiescht an de Wand hätt mat 60 Kilometer an der Stonn geblosen, hätte sech déi -2°C wéi -11,5°C ugefillt.