WiederweltDen 21. Dezember

3 Deeg virun Hellegowend kann d'Wieder hei am Land esou zimlech alles sinn. Vu richteg, richteg kal, bis scho bal Fréijoer.

© Source: www.pixabay.com; Author: Hans; Licence: CC0 Public Domain
21/12/2017 Wiederwelt: Den 21. Dezember


Den 21. Dezember 1969 ass, zum Beispill, ee vun deenen Deeg gewiescht, déi absolut äiseg waren. D'Temperaturmoyenne vun deem Dag louch um Findel bei grad emol -8,2°C. De Maximum am Nomëtteg bei -5,7°C an de Minimum nuets bei -10,6°C.

Et war generell net waarm an deem Dezember 1969. Grad emol op 10 Deeg gouf et iwwerhaapt positiv Maximaltemperaturen um Findel an den Duerchschnëtt vun der Maximaltemperatur louch an deem Mount bei -1,1°C, dee vun den Déiftswäerter esouguer bei -5,1°C an op 29 Deeg huet et nuets um Findel gefruer.

Generell war de Wanter 1969-70 ee richteg haarden, kalen an ee mat richteg vill Schnéi. Op der Wiederstatioun, déi d'Akerbauverwaltung deemools nach beim Klouschter zu Klierf hat, hat et den 24. November 1969 eng éischte Kéier geschneit an duerno war et zu Klierf riichtduerch wäiss bis den 25. Januar 1970, also 63 Deeg um Stéck, mä domat war och nach net gedoen. Vum 30. Januar 70 bis Enn Mäerz loung du quasi nach emol riicht duerch Schnéi a mat e puer wäissen Deeg am Abrëll war de Wanter 1969-70 op am ganzen 128 Schnéideeg zu Klierf komm, mat engem Maximum vun 32 Zentimeter den 10. Mäerz 1970.

Manner wanterlech war den 21. Dezember 1989! No minimalen 9,5°C an der Nuecht waren dagsiwwer esouguer 12,8°C um Findel ginn. Zu Iechternach waren et deen Dag esouguer 14,5°C maximal, mä den 21. Dezember 1989 war emol nach net de wäermsten Dag vum deem Mount, dee war schonn den 16. gemooss gi mat 17,1°C zu Iechternach, 16,7°C zu Réimech an ëmmerhin 12,7°C zu Klierf.

Mä de Wanter 1989/90 war iwwerhaapt een ouni vill Frascht a Schnéi. Am Contraire zum Wanter 1969/70 louch am Wanter 1989/90 just op 7 Deeg Schnéi zu Klierf, all Kéiers 2 Deeg am November, am Februar a Mäerz an nach een am Abrëll. Duerfir war de Wanter 1989/90 dee mat de meeschten a schwéiersten Orkaner, déi bis ewell an engem Wanterhallefjoer iwwert de Grand-Duché gezu sinn.