WiederweltRéckbléck – meteorologesche Wanter 16/17

Vun haut u kucke mir an 4 Wiederwelten zeréck op déi lescht 4 meteorologesch Saisonen, also am Fong op d'Joer 2017.

Ugefaange mam Wanter:

23/12/2017 Wiederwelt: Réckbléck - meteorologesche Wanter 20

Dee meteorologesch jo ëmmer vum 1. Dezember bis de leschte Februar geet. De Réckbléck start also nach 2016 a konzentréiert sech op e puer wichteg Elementer.

An een Element ass wierklech markant gewiescht. Dat war d'Dréchent, déi de Wanter 2016/17 gekennzeechent huet. Grad emol 90 Liter Reen, déi an der Moyenne vun den RTL-Wiederstatiounen uechtert d'Land gefall sinn, maachen aus dësem Wanter den dréchensten zënter méi ewéi 40 Joer an een vun den 10 dréchensten zënter dass 1854 ugefaange gouf den Nidderschlag hei am Land ze moossen.

Dobäi koum de Fait, dass eng Rei Plazen am Guttland kaum Schnéi gesinn hunn. De Findel huet zwar 17 Deeg mat Schnéi an den 3 Wanterméint gemooss, allerdéngs ni méi ewéi 2 Zentimeter. Do war et am Éislek scho méi wanterlech. Am an hannert dem Stuerm „Egon“ waren op de Koppen am Norde plazeweis bis zu 30 Zentimeter Schnéi gefall, deen och bis Enn Januar do leie bliwwen ass.
Dat war dann an engems och déi keelst Period vun deem leschte Wanter. Tëscht dem 15. an dem 28. Januar sinn d'Déiftsttemperaturen op der RTL-Statioun Béiwen all Nuecht op mannst ënner -5°C gefall, vum 17. bis den 23.1. louchen se do esouguer all Nuecht ënner -10°C mat engem absolute Minimum vun -18,5°C den 22. Januar.

Dat war och déi markantste Keeltwell zënter 5 Joer, net just hei am Land, mä a groussen Deeler vu Westeuropa.

Bei eis heiheem waren déi kal Deeg dacks och richteg sonneg. Esou huet d'Sonn eleng am Januar plazeweis duebel esou laang geschéngt ewéi normal. Schlussendlech waren et op déi 3 Méint Dezember, Januar a Februar 239 Stonnen, esou vill Sonn am Wanter wéi zënter 9 Joer net méi, allerdéngs war de Sonnerekord aus dem Wanter 1962/63 vun 283 Stonnen net a Gefor.

Dann nach e Wuert zu den Temperaturen, déi louchen am meteorologesche Wanter, duerch e liicht ze kalen Dezember, en däitlech ze kale Januar an en ze mëlle Februar, zwar nëmme ronn 0,5°C ënnert der Moyenne aus de leschte Joeren an awer war et den éischten ze kale Wanter zënter 4 Joer.