WiederweltRéckbléck – meteorologescht Fréijoer 2017

An der Serie vun de Réckblécker op d'Wieder vum leschte Joer ass et haut um Fréijoer:

25/12/2017 Wiederwelt: Réckbléck - meteorologescht Fréijoer


Also un de Méint Mäerz bis Mee, déi meteorologesch zum Fréijoer gehéieren. Et war e Fréijoer vun den Extremer, wann een esou wëll. Et war no de meteorologesche Fréijore vun 2007 an 2011 dat drëttwäermste Fréijoer, wat zënter 1837 zu Lëtzebuerg gemooss ginn ass. An dat hat sech nom Mäerz ugedeit, deen duerch héich Temperaturen opgefall ass, obschonns et an deem Mount och reegelméisseg nach Nuetsfrascht gouf, deen do awer nach komplett normal ass. Dee Frascht huet och den Abrëll charakteriséiert, e Mount an deem d'Vegetatioun plazeweis ferm drënner gelidden huet, well se duerch dee mëlle Mäerz en zolitte Wuesstemsvirsprong hat.

Am Abrëll gouf et esou 8 Nuechte mat Frascht zu Schengen an och laanscht d'Musel d'Temperaturen deels bis ënner -3°C gefall. Nach méi extrem war de Frascht an den Däller vum Éislek. D'RTL-Wiederstatioun zu Béiwen hat 23 Mol Nuetsfrascht am Abrëll, dovunner 5 Nuechte mat manner ewéi -5°C an en absolute Minimum vun -7,7°C an der Nuecht op den 20. Abrëll. Op 42 vun den 92 Fréijoersnueten huet et zu Béiwen gefruer, normal wieren hei 32 Nuechte mat Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt.

Nieft dem Frascht war et dann och awer d'Hëtzt, déi de leschten Drëttel vum Mee ausgemaach huet, mat neien Temperaturrekorder. 33,6°C zu Waasserbëlleg an 31,6°C um Findel, 1,2 Grad méi ewéi bis ewell, zënter dass do 1947 ugefaange gouf mat moossen.

Rekorder bei der Dréchent gouf et fir d'Fréijoer keng. Déi ronn 90 Liter Reen, déi an de Méint Mäerz, Abrëll a Mee zesummekomm sinn, ginn emol net duer d'Fréijoer 2017 ënnert déi 10 dréchenst zënter 1854 ze bréngen an awer ass dat aktuellt Fréijoer dat dréchenst zënter 1990 gewiescht. Wann een den dréchene Wanter mat dobäi hëlt, da kommen déi lescht 6 Méint op d'Plaz 4 vun den dréchenste Wanteren a Fréijoren zënter 1854. An deene 6 Méint sinn zesummen 175 Liter Reen gefall. Just d'Joren 1874, 1964 a 1976 ware méi dréchen.

Nach e Wuert zur Sonn am meteorologesche Fréijoer. Do koumen eng 656 Sonnestonnen zesummen, dat sinn der wuel knapp 130 méi ewéi an der Moyenne vun de Joeren 1981-2010, awer knapp 110 manner ewéi am Fréijoer 2011, deem bis ewell sonnegste Fréijoer hei am Land zënter 1931 ugefaange gouf d'Sonnestonnen ze moossen.