WiederweltRéckbléck – meteorologesche Summer 2017

Vill Leit hate sech am Laf vum an och direkt nom Summer iwwert dat schlecht Wieder beklot, wat eis d'Summerméint Juni, Juli an August an dësem Joer bruecht

Mä esou schlecht waren déi 3 Méint emol net, seet eise Wiedermann, de Yann, haut a sengem Réckbléck op de meteorologesche Summer:

28/12/2017 Wiederwelt: Réckbléck - meteorologesche Summer 20

Mat enger Temperaturmoyenne vun 18,3°C war en nämlech 1 Grad méi waarm ewéi an der Moyenne vun de leschten 30 Joer. Virun allem de Juni war awer e richtege Summermount, mat Hëtzt a vill Sonn. Am Juli hat et bal duebel esou vill gereent ewéi normal, wat awer wichteg war fir d'Dréchent, déi Lëtzebuerg zënter dem Hierscht 2016 am Grëff gehalen hat, op en Enn ze bréngen an den August war éischter gro, mat ronn engem Véierel vun de Sonnestonnen, déi an deem Mount gefeelt haten.

Mä well esou wuel de Juni ewéi och den August ze dréchen ausgefall sinn, war de Summer 2017 mat 233 Liter Reen an der Moyenne vun all den RTL-Wiederstatiounen am Land och nëmme liicht ze naass. Normal sinn an engem meteorologesche Summer 214 Liter Reen.

Punkto Sonnestonnen hat de Summer och quasi dat erreecht, wat en ze liwweren huet. 599 waren et der schlussendlech. Normal wieren der, fir dëse Parameter, 612. Interessant ass awer de Fait, dass et den 12. August komplett dréif blouf an et net eng eenzeg Minutt Sonn am ganze Land gouf, wat fir dee Mount vum Joer schonn aussergewéinlech ass.

13 Mol huet den Thermometer an den 3 meteorologesche Summerméint op der RTL-Statioun zu Schengen iwwer 30 Grad ugewisen. Dat ass uerdentlech a virun allem déi 37,5°C, déi do um Virowend vun Nationalfeierdag gemooss goufen esouguer schonn eng Hausnummer.

Nennenswäert beim Summer 2017 ass da sécher och d'Nuecht vum 31. Juli op den 1. August, déi dem ganze Land intensiv Donnerwieder bruecht huet, déi mat de meeschte Blëtzer zënter enger Rei vu Joren, deen een oder aneren erënnert sech bestëmmt nach un dës éischter onroueg Nuecht.