WiederweltRéckbléck – meteorologeschen Hierscht 2017

Fir den Ofschloss vu senger Wiederréckblécker op Saisone vum Joer 2017 steet haut de meteorologen Hierscht nach um Programm:

© RTL Grafik
30/12/2017 Wiederwelt: Réckbléck - meteorologeschen Hierscht


De meteorologeschen Hierscht, dee jo vum 1. September bis den 30. November geet, an dee war an dësem Joer genee esou waarm ewéi en dat sollt sinn an der Moyenne vun de leschten 30 Joer. D'Temperaturmoyenne vun den RTL-Wiederstatioune louch bei 9,6°C, wat genee deem entsprécht wat en Hierscht soll bréngen, wat vill Leit awer wuel kill virkomm ass, well den Hierscht an de leschte Joren tendenziell ze waarm ausgefall ass.

13 Deeg mat Frascht an deenen 3 Méint zu Béiwen entsprieche quasi och deem wat op dëser, richteg kaler, Statioun normal ass. An de Statiounsmoyenne sinn et 14,4 Deeg. Waasserbëlleg louch mat 5 Deeg Frascht esouguer nach méi no un der laangjäreger Moyenne vu 5,6 Deeg.

Et hunn awer e puer Summerdeeg gefeelt, déi bis an de fréien Oktober eran awer duerchaus nach ka ginn. Zu Waasserbëlleg waren et an dësem Hierscht just 2 amplaz vu 4 an zu Béiwen ass den Thermometer esouguer zënter dem 29. August net méi iwwert d'Barrière vun de 25 Grad geklommen.

Punkto Reen si mer liicht iwwert der Moyenne vun de leschten 30 Joer gelant. 229 Liter Reen sinn am Schnëtt vun eise Wiederstatioune gefall, eng 21 méi ewéi normal. Am meeschte Reen ass am Hierscht zu Péiteng gefall, wou et bal 300 Liter waren, am dréchenste war et zu Waasserbëlleg, wou emol keng 180 Liter Reen zesummekomm sinn.

Bleift um Schluss nach d'Sonn. Do huet den Hierscht 2017 e bësse gelappt. September an November waren ze dréif, eenzeg den Oktober ass u säi Soll erukomm, esou ass et schlussendlech eng 257 amplaz vun 299 Sonnestonnen op déi 3 Méint waren. Déi meeschte Sonn gouf et dobäi zu Beetebuerg mat knapp 300 Sonnestonnen, also der Moyenne vun de leschte Joren, mä och an dëser Statistik kann ee vu Waasserbëlleg schwätzen. 21 Deeg komplett ouni Sonn gouf et hei tëscht dem 1. September an dem leschten November. Schold dorunner ass de Museldall an den Niwwel, deen am Hierscht do mol méi spéit eréischt verschwënnt, oder heiansdo och guer net.