WiederweltDéi 10 éischt Deeg vum Joer

D'Wiederwelt vun haut heescht: Déi 10 éischt Deeg vum Joer

11/01/2018 Wiederwelt: Déi 10 éischt Deeg vum Joer


2018 waren nawell ze waarm. D'Temperaturmoyenne vun den RTL-Wiederstatiounen am Land ass, op hir Moyenne aus de leschte Jore gekuckt, nawell däitlech ze héich. Mat gemoossenen 5,9°C war déi éischt Dekad vum aktuelle Joer 4,7 Grad méi waarm ewéi normal.

Nach méi frappant ass den Temperaturplus bei de Minimalwäerter vun den 10 éischten Deeg vum Joer. Déi duerchschnëttlech Déifsttemperatur louch bei 4,4°C an domat 5,5 Grad iwwert der Moyenne. Net eng vun de 17 Wiederstatiounen aus deenen den RTL-Reseau am Land besteet hat bis ewell Frascht. Dat ass schonn éischter rar, awer net méi aussergewéinlech. Schonn am Joer 2012 hat et bis den 13. Januar gedauert ier et eng éischte Kéier gefruer huet an 2014 ëmmerhi bis den 11. Januar. Dëst Joer schéngt den éischte Frascht vum Joer an der Nuecht op e Sonndeg op eis duerzekommen, also um 14. Januar.

Duerfir war de Start an dat neit Joer net just stiermesch, mä deels och richteg naass. An der Moyenne vun den RTL-Statiounen sinn eng 55 Liter Reen gefall, op e ganze Januar sinn der 76 an der Moyenne. Op der RTL-Wiederstatioun zu Péiteng sinn zënter dem Start vum Joer 86,2 Liter Reen gefall. Statiounsmoyenne fir dee ganze Mount sinn der 78,2.

Mä wann eppes par Rapport zu 2017 an der éischter Dekad 2018 net changéiert huet, dann ass dat zu groussen Deeler d'Himmelsfuerf. Gro huet ewéi am Dezember och an den 10. éischten Deeg vum neie Joer dominéiert. Mat grad emol 6 Stonne Sonn 2018 ass Waasserbëlleg nach dee sonnegste Fleck vum Land, mä och ëmmer nach wäit ewech vun de ronn 44 Sonnestonnen, déi op déi 31 Deeg Januar normalerweis z'erwaarde sinn.