WiederweltWanter hallef duerch

Meteorologesch ginn d'Saisone jo ëmmer vum éischte vun engem Mount bis bei de leschte vun engem Mount.

© Jean Walté

Fir de Wanter ass dat vum 1. Dezember bis den 28. oder 29. Februar. Deemno si mer elo an der Hallschent vum meteorologesche Wanter ukomm. Grond genuch den Tëschebilan vun engem Wanter ze zéien, deen nach net wierklech wanterlech war:

15/01/2018 Wiederwelt: Wanter hallef duerch


Wierklech net. Ze waarm, ze naass an däitlech ze dréif, dat ass de Bilan vun der éischter Hallschent vum Wanter 2017/18.

Fir de Start vum Bilan geet et an den Norden. Zu Ëlwen war déi éischt Hallschent vum Wanter 1,2 Grad ze waarm. Et si schonn 120 vun den 190 Liter Nidderschlag, déi op e ganze meteorologesche Wanter do z'erwaarde sinn a mat 21 Stonne Sonn, si mer wäit ewech vun den 165 Sonnestonnen, déi do an de Méint Dezember, Januar a Februar normalerweis zesummekommen. 20 Nuechte mat Frascht gouf et zënter dem 1. Dezember, normal wieren der bis Mëtt Januar 25.

Zu Béiwen louch d'Temperatur fir déi éischt Halbzeit vum Wanter 1,8 Grad iwwert der Moyenne. Et si schonn 71% vum Nidderschlag gefall, deen op de ganze Wanter ze falen huet a mat grad emol 16 Sonnestonne läit d'Statioun um Säitenaarm vum Stauséi bei grad emol 11% vun deem wat een do z'erwaarden hätt. 19 Mol Buedemfrascht ass hei och nach wäit ewech vun deem wat bis Enn Februar z'erwaarden ass. Fir op d'Moyenne ze komme musse vun den 43 Nuechten, déi elo nach am meteorologesche Wanter kommen, der 41 Temperaturen opweisen ënner 0 Grad a 5 Zentimeter Héicht an dat dierft kaum geschéien.

Zum Schluss dann nach e Bléck op d'Musel. Zu Waasserbëlleg war et bis ewell 2,9 Grad ze waarm. Een Äisdag, also een Dag mat enger Maximaltemperatur ënner 0°C, ass en Aachtel vun deem wat hei an engem normale Wanter am Ganzen normal wier. Mat bis ewell 23 Stonne Sonn zënter dem 1. Dezember, ass och nach Sputt no uewe fir op d'Moyenne vun 134 Stonnen ze kommen an déi 142 Liter Nidderschlag an de leschte 7 Woche sinn och schonn 68% vum Soll deen engem meteorologesche Wanter op dëser RTL-Statioun entsprieche géif.