WiederweltOp en Neits stiermesch

D'Wiederwelt vun haut steet nees am Zeeche vum Stuerm. Et ass nawell e lëftege Start an d'Joer...

© AFP
18/01/2018 Wiederwelt: Op en Neits stiermesch


Den 3. Januar scho war an de fréie Moiesstonnen d'Kalfront vum Orkandéif „Eleanor“ iwwert eis ewech gezunn an hat deen Ament ëmmerhi Wandvitessë vun 117 km/h zu Péiteng an zu Bartreng mat sech bruecht, wat grad emol 1 km/h ënnert dem Seuil vun engem Orkan louch. Mä och déi 115 km/h maximal Wandvitesse zu Wolz, déi 107 um Findel an déi 106 km/h zu Ëlwen waren nach ëmmer orkanaarteg Wandspëtzten.
Och an den Deeg duerno ass d'Wieder zu Lëtzebuerg dacks vun engem kräfteger Westwandwiederlag gepräägt ginn. Ëmmer nees gouf et Wandspëtzten iwwer 50 km/h, zu Péiteng eleng bis gëschter op 10 vun de 17 éischten Deeg vum Joer. Op 4 Deeg ass op der RTL-Wiederstatioun am Südwesteck vum Land, déi u sech jo um Clopp, dem Bierg iwwer Rodange steet, zu Wandstéiss komm, déi op mannst Stuermstäerkt, also op mannst 75 km/h an der Stonn erreecht hunn.
An och haut bléist nees e Stuerm iwwert d'Land. D'Ursaach duerfir ass e sougenannte Schnellleefer, e kleng Déifdrockgebitt, wat um Bord vun engem groussen Déif mat Kär virun der Südwestspëtzt vun Island, entstanen ass. Dëse Schnellleefer zitt elo mam aktuelle Verlaf vum Jetstream, dem Staarkwandband an den héije Couche vun eiser Atmosphär, wat jo och vu Fligere benotzt gëtt fir um Wee aus den USA an Europa Zäit a Sprit ze spueren, a Richtung Osten a konnt sech zu engem klengen Orkandéif verstäerken.
Lëtzebuerg läit südlech vum Kär vun dësem Schnellleefer, also an deem Beräich an deem d'Stuermfeld vun esou engem Déif ze fannen ass.
Resultat ware bis zwou Auer dann och Wandspëtzten iwwer 100 km/h. Zu Eschduerf hat de Wand kuerz virun hallwer 12 esou 102 km/h erreecht.
Och an den nächste Stonne bleift et nach richteg stiermesch, ier sech de Wand géint der Owend no an no berouegt. An der Nuecht ass dann nach mat maximale Wandvitesse bis 50 km/h ze rechnen a muer sollen et dann nach bis zu 40 km/h.