Wiederwelt25% vun der Landsurface vun Dréchent menacéiert

De Klimachangement ass haut Sujet an der Wiederwelt. Et geet ëm eng Etüd, déi seet, dass grouss Deeler vun der Landsurface méi dréchen kéinte ginn:

© AFP
22/01/2018 Wiederwelt: 25% vun der Landsurface vun Dréchent


Eng Entwécklung, déi deels schonn ze gesinn ass an déi eventuell och hannert de sozialen Onroue stieche kéint, déi Uganks vum Joer am Iran waren. D'Land um persesche Golf huet et elo nämlech zënter 14 Joer um Stéck mat enger Dréchent ze dinn, déi deels esou uerg ass, dass landwirtschaftlech Betriber wéinst Waassermangel hu mussen ophalen an d'Baueren an d'Provënzstied vun der islamescher Republik ausgewandert sinn, wou se Krämpes hunn mënschewierdeg liewen ze kënnen.

Vun der Situatioun wéi se elo schonn am Iran akut ass, kéinten an Zukunft grouss Deeler vum Planéit betraff sinn. An enger Etüd vun der „Southern University of Science and Technology“ zu Shenzhen, also zu Hongkong, hu Wëssenschaftler elo ermëttelt, dass iwwert 25% vun der Landmass vun der Äerd an den nächsten 30 Joer méi dréchen dierft ginn, esouguer wann et eis gelénge géif d'Hausse vun de weltwäiten Temperaturen op zwee Grad ze limitéieren. Ze liesen ass dës Konklusioun an der Fachzäitschrëft „Nature Climate Change“.

Benotzt goufen hei d'Projektioune vu 27 verschiddene Klimamodeller, déi op eng Aridifizéierung vun tëscht 24 an 32% vun der gesamter Landmass vun der Äerd kommen. Sollt et méiglech sinn d'Hausse vun den Temperaturen op 1,5 Grad ze limitéieren, wieren nëmme ronn 10% vun der Surface vum Planéit vun dësem Phänomen betraff. Déi chinesesch Wëssenschaftler fäerten awer éischter, dass de Planéit bis zu 3 Grad méi waarm wäert ginn.

Zeréck an den Iran. De Berechnungen no dierften am mëttleren Osten duerch de Klimawandel längerfristeg bis zu 20% manner Nidderschléi falen, kombinéiert mat Temperaturen, déi klammen. Esou wieren déi bis zu 54°C, déi am leschte Summer am Südweste vum Iran gemooss goufen an 30 Joer méi dacks an och méi laang um Stéck z'erwaarden, wat d'Liewen an de Groussstied do sécher net méi einfach maache wäert. Zu dëser Konklusioun war iwwregens schonn eng Analys vum amerikaneschen M.I.T. am Joer 2015 komm.