WiederweltBis ewell keelsten Nuecht vum Wanter

Déi leschten Nuecht war déi bis ewell keelste Nuecht vum Wanter. Mä wéi kal war se da wierklech?

08/02/2018 Wiederwelt: Bis ewell keelste Nuecht vum Wanter


Am Nordweste vu Lëtzebuerg däitlech méi ewéi am Südosten, wou kaum nach Schnéi iwwereg ass, mä et ass genee de Schnéi, deen duerfir suerge kann, dass eng Nuecht quasi ouni Wand a Wolleke richteg kal ka ginn.

Am Raum Schengen, zum Beispill, sinn d'Temperaturen néierens ënner -5°C gefall, op der RTL Wiederstatioun an där Gemeng, déi zu Wellesteen steet, esouguer just op -3,7°C.

Méi kal war et am Recht vum Guttland, wou et deels bis op ënner -8°C ofgekillt huet. Dat war zum Beispill mat -9,2°C zu Waldbëlleg de Fall, mat -9,8°C zu Recken op der Mess a mat -10,3 zu Ell.

Mä déi keelsten Ecker vum Land waren an der Nuecht d'Éisleker Däller. Mat -11,5°C war Béiwen, ewéi esou dacks déi RTL-Statioun mat der niddregster Temperatur, mä zwou Wiederstatioune vun der Akerbauverwaltung haten nach méi déif Minimalwäerter. Zu Aasselbur war den Thermometer op -11,9°C zeréckgaangen an zu Schëmpech ass esouguer en absolute Minimum vun -13,7°C gemooss ginn.

Dat ass awer nach ëmmer e gutt Stéck vun de rezente Februarsrekorder ewech. Déi sinn zum groussen Deel an der Nuecht op de 7. Februar 2012 opgestallt ginn, mat -21,9°C zu Schëmpech, -20,3°C zu Béiwen awer och -15,1°C zu Waasserbëlleg.

Mä Temperaturen ënner -10°C sinn näischt Alldeegleches hei am Land. D'RTL-Wiederstatioun zu Béiwen huet där der nämlech an der Moyenne just 7 am Joer an der nëmmen zwee dovunner am Februar. Déi leschte Kéier, dass mer, virun dëser Nuecht, Temperaturen ënner -10°C hate war an der Nuecht op den 27. Januar 2017, wou et zu Ell -11,2°C, zu Béiwen -15,3°C an zu Schëmpech -15,9°C waren.

Ma och déi nächsten Nuecht gëtt wuel nach emol eng an där ee sech déck apake sollt, wann een eraus muss. Wolleken a Wand feelen hënt nämlech op en Neits, esou dass an den Däller an deenen nach Schnéi läit duerchaus nach emol Déifsttemperaturen ënner -10°C méiglech sinn. Domat hätt op mannst Béiwen da säi statistesche Soll fir dëse Mount schonn erreecht.