WiederweltWar et dat mam Wanter?

De Start an de Februar war e wanterlechen an och de Moien war et plazeweis nach verschneit. Mä geet et elo och nach wanterlech virun oder éischter net?

12/02/2018 Wiederwelt: War et dat mam Wanter?


Bis an den Abrëll era kann et nach ëmmer zu Schnéi an deels strengem Frascht kommen. Eppes, wat den Abrëll 2017, eis och hei zu Lëtzebuerg nach emol impressionnant bewisen hat. Mat all Dag, dee mer awer elo méi wäit a Richtung Mäerz kommen, gëtt déi statistesch Probabilitéit méi niddreg, dass et nach emol richteg strenge Wanter gëtt. D'Deeg ginn am Moment séier méi laang an schonn an der zweeter Halschent vum Februar, dem leschten Deel vum meteorologesche Wanter, musse vill Facteuren zesummekommen, dass et nach Deeg gëtt op deenen d'Temperatur de ganzen Dag duerch ënnert dem Gefréierpunkt bleiwen.

Zu Ëlwen ass an der Moyenne vun der RTL-Wiederstatioun mat 1,6 Äisdeeg an der zweeter Halschent vum Februar ze rechnen, zu Beetebuerg sinn et der esouguer just 0,6.

Alles an allem ass déi éischt Februarsdekad awer emol guer net esou iwwel fir d'Frënn vum Wanter gewiescht. Bis zu 11 Zentimeter Schnéi, déi op der Buergplaz zesummekomm sinn, 10 um Findel waren déi bis ewell héchst Wäerter fir de Wanter 2017/18, dee schlussendlech en ze waarme wäert ginn.

Dat awer waren op mannst déi 10 éischt Deeg vum leschte meteorologesche Wantermount net. D'Duerchschnëttstemperatur louch fir de Start an de Februar bei -0,8°C an domat ronn 2,5 Grad ënnert der Moyenne vun de leschte Joren. D'Minimaltemperature louchen 2 Grad drënner an d'Maximalwäerter esouguer iwwer 3 Grad.

Déi nidderegst Temperature vun der kuerzer kaler Phas sinn du leschte Freidegmoie gemooss ginn, mat -13,1°C zu Recken op der Mess fir d'Guttland an esouguer -13,8°C zu Schëmpech fir d'Éislek. An déi Nuecht vun leschtem Donneschdeg op leschte Freideg kéint déi keelst fir dëse Wanter bleiwen, et sief da mer kréien Enn Februar oder Uganks Mäerz nach emol en décke Koup Schnéi a Kombinatioun mat enger stäreklorer Nuecht hannendrun, dass sinn esouguer nach am Mäerz Temperature bis ënner -14°C méiglech.