WiederweltMarlies Krämer

Haut um Weltfraendag steet d'Wiederwelt och ganz am Zeeche vun enger Fra:

© Source: www.pixabay.com; Licence: CC0 Public Domain

D'Wiederwelt vun haut gehéiert der Marlies Krämer vun Illingen heivir am Saarland. Aktuell ass déi 80 Joer al Feministin am Gaang sech mat de Banken ze kämpfen. Fir d'Marlies Krämer kann et nämlech net sinn, dass op Iwwerweisungen an anere Formulaire vun de Banken an Däitschland just „Kontoinhaber“ steet an net och „Kontoinhaberin“.

Et ass iwwregens net fir déi éischte Kéier fir d'Fra sech fir Geschlechtergerechtegkeet asetzt. Schonn an den 1990er war d'Marlies Krämer aktiv an hat sech deemools un der Fräier Universitéit Berlin geriwwen, déi zënter 1954 fir d'Numm vun Héich- an Déifdrockgebidder op däitsche Wiederkaarten zoustänneg ass. Traditionell war et ëmmer esou, dass en Héichdrock e männlechen Numm krut an en Déifdrock e weiblechen. Dat wollt d'Marlies Krämer awer Mëtt vun den 1990er net méi akzeptéieren a se krut Recht. Zënter 1999 kréien d'Héich- an Déifdrockgebidder am Wiessel vun de Jore männlech oder weiblech Nimm. A geruede Joer sinn Déifdrockgebidder weiblech an ongerueden d'Héichdrockgebidder.

Knapp 20 Joer méi spéit probéiert d'Marlies Krämer elo och d'Geschlechtergerechtegkeet bei däitsche Banken duerchzesetzen. Nodeems si mat hirer Initiativ scho vun zwee Geriichter am Saarland ofgewisen huet, ass si de leschten 20. Februar virun de Bundesgerichtshof gezunn. En Uerteel an dëser däreger Affaire gëtt nächsten Dënschdeg gesprach. An ausser, dass eng ronn 1600 Banken an Däitschland nei Formulaire missten drécken, dierft d'Fuerderung vun der aktiver Fraerechtlerin kengem wéi doen, genee esou wéineg wéi et iergendee Mann haut wahrscheinlech nach stéiert, dass Déifdrockgebidder an däitsche Sproochraum och e männlechen Numm kënne kréien.