WiederweltBauerereegelen a wat se eis verroden

Haut geet et nees ëm eng al Bauerereegel, ëm eng, déi mat den Äishellegen ze dinn huet:

14/05/2018 Wiederwelt: Bauerereegelen a wat se eis verroden


Die drei Azius ohne Regen, sind für den Winzer großer Segen.“ heescht en alen däitsche Wiedersproch. Den Zäitraum tëscht den Äishellegen an dem Hierscht ass zwar richteg laang, mä firwat sollte sech hei keng Conclusiounen op de September, den Oktober an den November zéie loossen?

Wahrscheinlech well dës Reegel net an eiser Géigend, also net laanscht d'Musel entstanen ass, mä éischter am süddäitsche Raum. Oder well dës Reegel näischt méi mat der Wiederrealitéit an Zäite vum Klimachangement ze dinn huet.

Et ass richteg rar, dass déi 3 Deeg vum 12. bis de 14. Mee komplett dréche bleiwen. Wann dat de Fall ass, dann heescht awer nach laang net, dass den Hierscht och ze waarm wäert ginn.

Eng leschte Kéier waren d'Aziussen 2011 allen dräi dréchen, do war de September dunn och méi waarm ewéi normal, d'Méint Oktober an November waren a punkto Temperaturen awer normal.

Generell kann ee soen, dass op dréchen Äishelleg just an engem Drëttel vun de Fäll den September ze waarm ass, den Oktober kënnt deen Ament op knapp 40% wou seng Temperaturmoyenne iwwert dem laangjärege Mëttelwäert läit an iwwert den November kann een héchstens soen, dass d'Probabilitéit, dass en ze kal ausfällt ginn ass. Sinn d'Äishelleg dréche war den November, op mannst an der rezenter Vergaangenheet, a 60% vun de Fall ze kal, deels esouguer scho wanterlech, esou wéi dat am Joer 1998 de Fall war.

Mä op mannst do hätt d'Reegel „Die drei Azius ohne Regen, sind für den Winzer großer Segen.“ e Sënn, well deen Ament Äiswäin am Beräich vum méiglechen ass an dee bréngt de Wënzer, déi de Courage hunn Drauwen hänken ze loossen, op mannst e bësse Mënz an de Portemonni.