Méi wéi 12.000 auslännesch Aarbechter, déi wärend der Corona-Pandemie a Frankräich am Asaz waren, kréien déi franséisch Nationalitéit.

"D'Aarbechter ware fir d'Natioun do. Et ass normal, dass d'Natioun elo op si duergeet", erkläert d'Marlène Schiappa, Ministesch fir d'Nationalitéit, en Donneschdeg zu Paräis.

Ënnert deenen zukünftege Fransouse fungéiere Fleege- a Botzpersonal, Keessjeeën a Vertrieder vun anere Beruffer, fir déi Homeoffice keng Optioun war. "Ech soen am Numm vun der Republik Merci. D'Land huet och dank hinnen duerchgehalen", betount d'Schiappa.

Den Inneministère huet fir dës Beruffsgruppe virun engem Joer d'Konditiounen, fir déi franséisch Nationalitéit ze kréien, vereinfacht. D'Demandeure mussen nëmmen nach zwee amplaz vu fënnef Joer am Land gelieft hunn. Dat lescht Joer sinn ongeféier 61.000 Auslänner Fransouse ginn, eng 20 Prozent manner ewéi dat Joer virdrun.

RTL