De fréiere Futtball-Nationalspiller Jérôme Boateng gouf verurteelt
© AFP
Zanter en Donneschdeg huet de Jérôme Boateng sech viru Geriicht misse veräntwerten, well hien d'Mamm vu sengen Zwillingen ugegraff soll hunn.
De fréiere Futtball-Nationalspiller gouf nach den Dag selwer wéinst virsätzlecher Kierperverletzung u senger fréierer Liewenspartnerin verurteelt. D'Amtsgeriicht zu München huet eng Geldstrof vun 1,8 Milliounen Euro verhaangen.
Säin Affekot hat ausgesot, datt de Boateng bestreide géif, seng Ex-Frendin Sherin S. wärend engem heftege Sträit an der Vakanz blesséiert ze hunn. Donieft hunn de Futtballspiller an d'Mamm vu sengen zwee Meedercher eng separat Geriichtsaffär, fir d'Suergerecht vun den Zwillingen ze bestëmmen.
Update 16. September 2021
Beim Landesgeriicht München ass dem Futtballprofi vu Lyon säin neien Affekot elo an Appell gaangen. Och de Parquet an aner Parteien am Rechtssträit hu reagéiert.