E-Timberen

Den online Timber vu POST Luxembourg?

Wee war net schonn an der Situatioun datt en en Timber gebraucht huet an awer kee bei Hand hat?

Vun elo un ass dat Vergaangenheet well d’Timbere kann een ewell och vun doheem aus frësch aus dem Drucker printen.

 

Wéi fonctionnéiert dëse Service?

Sou einfach wéi Bonjour! Ob elo iwwert d’Internetadress vun eservices.lu oder direkt iwwert timbresenligne.lu, kann all Mënsch, nodeems en sech ageschriwwen huet, vun dësem Service profitéieren.

Schrëtt fir Schrëtt! Nodeems Dir ageloggt sidd, sicht Dir Iech als éischte Schrëtt eraus wéi Ären Timber soll ausgesinn, also wat fir eng Illustratioun dropkomme soll, da mussen nach déi verschidde Characteristiquen vum Timber (Gewiicht, Land, op wat soll geprint ginn…) definéiert ginn fir da schlussendlech just nëmmen nach ze bezuelen an ze printen.

 

Den online Timber op der Télé