CCP

4 gutt Grënn fir e CCP opzemaachen!!!!

Transparenz

De CCP bitt Iech fir all hier Finanzservicer transparent a korrekt Präisser. Et existéieren keng Forfaitaire-Präisser, ma Dir bezuelt nëmmen dat wat Dir och wierklech gebraucht.

Séier wéi de Blëtz
Soubal Ären Uerder kënnt, traitéieren d'Compte Chèque Postaux Är Transaktiounen - an dat nach de selweschten Dag. Et existéieren also keng gréisser Delaiën fir Är Finanzen.

Sou einfach wéi Bonjuer
All d'Dokumenter déi Dir ausfëlle musst fir eng Transaktioun iwwert Äre Compte Chèque Postal ze maachen, si ganz einfach auszefëllen. Keng komplizéiert Prozeduren si néideg fir eng Transaktioun ze maachen.

Egal wou Dir wunnt et ass ëmmer ee Postbüro an Ärer Géigend. Natierlech kënnt Dir och vun deenen 1.174 Bréifboîten profitéieren fir Äre CCP Courrier ze verschécken.

Avantagéis Präisser
All Operatiounen déi iwwert Äre CCP lafen, ginn zu extrem gënschtegen Conditiounen ugebueden. Dir bezuelt weder Gestiounskäschten nach musst Dir eppes ausginn fir Chèquen a Virementen heemgeschéckt ze kréien.

Alldeeglech Extraiten gi gratis un déi Leit geschéckt déi e CCP hunn an en plus braucht Dir keen Timber ze kafen fir e Courrier deen un d'Chèques Postaux adresséiert ass.