Entdeckt de PostMusée!

De Musée weist d’Geschicht vun der POST hei zu Lëtzebuerg, vum Ufank un bis haut. Mat flotte Filmer an engem Audioguide a lëtzebuerger, däitscher, franséischer an an englescher Sprooch gitt Dir op eng Zäitrees geschéckt déi Iech op eng flott Manéier d’POST erkläert.

De PostMusée kënnt Dir alleng besiche goen, ma et ass och méiglech fir des Visite a Gruppen vun 10 bis 20 Leit, mat enger gratis Féierung ze organiséieren.
De PostMusée ass op vu Méindes bis Freides, tëscht 13h00 a 17h00.

Weider Informatioune kritt Dir ënnert der Telefonsnummer (+352) 4088-7255


NEI: Gratis Féierungen “PostMusée in the Dark”
Schreift Iech elo an, fir bei enger méi spezieller Visite deelzehuelen, nämlech eng Visite am Däischteren. D’Entrée an d’Participatioun si gratis.

Umeldung: postmusee@post.lu


„PostMusée"

Öffnungszäiten
Méindes bis Freides vun 13h00 – 17h00 Uhr
Entrée gratis

Adress
PostMusée
BP 1518
L-1015 Luxembourg

Accès
Eck Place de la Gare / Rue d'Epernay, am Keller vun „Accinauto"-Gebai, Entrée „Shop Telecom" Lëtzebuerg-Gare

Weider Informatiounen
(00352) 4088-7255
postmusee@post.lu
oder op der Facebook-Säit vum PostMusée