Fir d’Télé ze kucke wéi Dir et wëllt!

Alles wat Dir wëllt!

Eng villfälteg Offer mat honnerte vu Programmer waarden op Iech...

  • 400 Senderen, HD

Méi ewéi 400 verschidde Senderen sinn disponibel an dovunner alleng der 170 am Basis-Pak.

  • Theme-Bouqueten

Ären Télésprogramm op d’Mooss. Dir hutt nämlech d’Auswiel aus 13 verschidde Bouqueten fir datt och fir Ofwiesselung gesuergt ass: Sky, BeTV, VOOsport World, Lifestyle & Music, Filmbox, Familie, Emotion, Découverte,...

 


Déi verschidde Senderen a Bouqueten am Iwwerbléck

 

  • Vill Sproochen

Déi beléifste Senderen an Ärer Sprooch. Am Basis Pak kritt Dir Programmer op Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch, Italienesch, Spuenesch, Portugisesch, Englesch an Hollännesch... Doropper eraus kritt Dir iwwert déi 13 verschidde Bouqueten, Accès op nach méi variéiert Programmer.


D’PostTV Box – Taucht an, an déi modern Welt vu PostTV.

PostTV Go – Multiscreen-App

Méi wéi 60 verschidde Senderen kënnt Dir vun elo un och op Ärer Tablet oder op Ärem Smartphone kucken.

Dës gratis App gëtt Iech d’Méiglechkeet fir:

  • Iwwerall hei zu Lëtzebuerg Är Programmer ze kucken
  • Vun Ënnerwee déi Sendungen a Serien opzehuelen an ze kucken

Nei Funktiounen vu PostTV

Ausserdem ginn et, onofhängeg vun dëser App och nach eng sëlleche Funktiounen vu PostTV:
  • Ophuelen: Dir kënnt vun doheem oder vun ënnerwee bis 1000 Stonne Programmer ophuelen. Dobäi hutt Dir vun elo un d’Méiglechkeet och eng onbegrenzten Unzuel u Programmer gläichzäiteg opzehuelen.
  • Start-over: Et gëtt kee Grond méi fir sech opzereege wann déi éischt Minutte vun engem Film oder enger Sendung schonn u sinn. Mat der Funktioun Start-over kënnt Dir zu all Moment zeréckspullen, och wann Dir nach virdrun en anere Sender gekuckt hutt.
  • Mat der Funktioun “Pause”, “Zeréck” an “No fir” kënnt Dir all Live Iwwerdroung zu all Moment ënnerbriechen a widderhuelen sou datt Dir keng Minutt verpasst.
  • Swipe: Spaasseg ma awer och immens praktesch, mat dëser Funktioun braucht Dir nämlech net méi ze zappen, einfach op Ärer Tablet oder Ärem Smartphone “swipen” a schonns hutt Dir och de Sender op Ärer Télé gewiesselt.
  • HD: PostTV bidd elo schonn eng sëlleche Senderen am HD un. Je no Decoder an Internetzougang ginn Är Senderen direkt der bescht méiglecher Qualitéit ugepasst (HD oder UHD).

VOD-Katalog: Eraus aus dem Alldag

Mat dem Video on Demand kënnt Dir direkt op e Katalog vu Filmer zeréckgräifen. Ob elo rezent Filmer déi viru kuerzem am Kino gelaf sinn oder e bësse méi Aler, a verschiddene Sproochen, alles ass disponibel iwwert d’VOD App vu PostTV.

Blockbuster, romantesch Filmer, Action – e stonnelaange Filmspaass ass garantéiert.

All Film deen Dir ausléint ass 48 Stonnen disponibel, also d’ganz Famill kann och zu egal wéi engem Moment vum Dag de Film nach eng Kéier kucken.


Weider iwwert PostTV


Ech wëll Bamboo!