RTL.lu App

Fir all Apparat eng eenzeg App!

Ob elo déi national oder international Aktualiéit, d'Sportsresultater, Meteo oder Trafik - Dir gitt direkt gewuer wat zu Lëtzebuerg an an der Welt passéiert an dat direkt an zwou Sprooche, nämlech op Lëtzebuergesch oder op Franséisch.


Mat der App vun RTL hutt Dir en einfachen Accès op Rubrike wéi:

- News
- Déi komplett Sportsaktualitéit
- Trafic an Trafic Reporter
- Fotoen a Videoen
- Auto
- Service
- Lifestyle & Horoskop
- Lieserbréiwer & Kommentaren

iPhone

iPad

Android

Windows Phone

Windows 8

Goal: "Déi offiziell Football App zu Lëtzebuerg!"

Nieft dem Match, deen een am Livestream ka suivéieren, kritt een och Live-Resultater vun all deenen anere Partien aus der ieweschter Divisioun vum Lëtzebuerger Football.

D’App selwer kann ee sech vun elo un gratis am App-Store ënner "RTL" an dann en Espace "Goal" eroflueden.



An der App fënnt een:
- Football-News
- Liveresultater vun der BGL League
- Resultater aus allen Divisiounen
- Matcher am Live-Video-Stream
- All d'RTL-Goal-Emissiounen

D'App ass ideal fir den iPhone 5 a gëtt gepowered vun RTL, FLF an dem Kichechef.

iPhone

Rebound: "The official Basketball App in Luxembourg!"

News, Resultater, Livestream a Livescoring: Déi nei Basketball-App fir iPhone, "Rebound", ass elo disponibel an erfëllt de Basketballfans (bal) all Wonsch. "The official Basketball App in Luxembourg!" Esou nennt sech déi App, déi heescht wéi de Basketball-Magazin freides op Radio Lëtzebuerg a sonndes op RTL Télé Lëtzebuerg.

D'App ass glaskloer an deem, wat si versprécht: "Keeping you up-to-date with the latest basketball news and results in Luxembourg!"

An der App fënnt een:
- Basketball-News
- Liveresultater vun der Total League
- Livestatistike vun der Total League
- Matcher am Live-Video-Stream
- Resultater aus allen Divisiounen
- All d'RTL-Rebound-Emissiounen

D'App ass ideal fir den iPhone 5 a gëtt gepowered vun RTL, FLBB an der Total League.

iPhone

Luxdico

D‘Applicatioun vum Dictionnaire Luxdico versteet sech als Iwwersetzungshëllef. Si besteet fir den Ament aus ronn 55 400 Iwwersetzungen, dovunner 27 700 a Richtung lëtzebuergesch-franséisch an nach eemol 27 700 a Richtung franséisch-lëtzebuergesch.

D’Applicatioun ass séier an zu all Moment accessibel. Nodeems Dir d’Applicatioun installéiert hutt, braucht Dir keng Internet-Connectioun fir de Gebrauch.

iPhone