Buch vun der Woch"Ein irischer Dorfpolizist" vum Graham Norton

© Kindler Verlag
D’Graham Norton Show ass eng  Institutioun op der britescher Tëlee. All freides owes versammelt de gebiertegen Ir prominent Invitéeën a senger Talkshow op BBC One. Eleng an de leschte Woche waren dat zum Beispill d’Emma Thompson, d’Judi Dench, de Hugh Grant oder d’Hillary Clinton. E Roman hat de Graham Norton bis elo nach net geschriwwen ... mä och dat huet sech elo geännert. D’Bea Kneip huet “Ein irischer Dorfpolizist” gelies.

Buch vun der Woch: "Ein irischer Dorfpolizist"



Den Titel verréit et schonn: “Ein irischer Dorfpolizist” ass esou wäit ewech vun der Glitzer a Glamourwelt wéi nëmme méiglech. A wien elo mengt, da misst den Haaptpersonnage, also eben den ireschen Duerfpolizist,  op d’mannst e muskelbepakten Adonis sinn, dem d’Frae reieweis zu Féiss leien...och den huet sech geiert...

Es war in der Einwohnerschaft von Duneen weitgehend akzeptiert, dass, sollte ein Verbrechen geschehen und es Sergeant Collins gelingen, den Täter festzunehmen, dieser Verhaftung wohl kaum eine Verfolgung zu Fuß vorausginge. Die Leute mochten ihn durchaus, und es gab im Grunde keine Beschwerden, aber es sorgte dennoch für einige Beunruhigung, dass die Sicherheit im Dorf von einem Mann abhing, dem schon beim Gang zur Kommunion der Schweiß ausbrach.

De Sergeant Patrick James, kuerz PJ Collins huet méi wéi just e puer Kilo ze vill, an hat dowéinst och ni  Succès bei Fraen, wat him awer manner ausmécht wéi ee menge kéint.  Eng eeler Damm aus dem Duerf, d’Mrs Meany, féiert him de Stot. Ofhuelen ass bei hierer Kachkonscht leider eng Illusioun.
Duneen ass e rouegt Dierfchen, an dem et ausser enger klenger Epicerie, der Schoul an dem  Policebüro net vill gëtt. Beim Ausschachte fir en Neibau fannen  d’Aarbechter awer eppes Ongewéinleches: E mënschlecht Skelett dat wuel viru méi wéi 20 Joer do vergruewe gouf. D’Identitéit vun dem Doudegen ass ugangs net ganz kloer, mä d’Opreegung am Duerf ass grouss, well den een oder aneren huet e Verdacht. Al Wonnen ginn nees opgerappt, laang vergiesse Rivalitéiten entflamen op en Neits.  Mënschen déi hir Dreem an Hoffnungen schonn zënter Jorzéngten ënnert enger décker Schicht Alldagsmonotonie begruewen oder mat Alkohol betäubt  haten,  erwächen op eemol nees.  Zum Beispill d’Brid Riordan, onglécklech bestued, Mamm vun 2 Kanner an heemlech Alkoholikerin. Oder d’Evelyn Ross, fréier d’Duerfschéinheet, déi mat hieren 2 Schwesteren zesummelieft, fir déi se kacht, wäscht a botzt.    
Seng Dreem opginn, dat huet jo och de PJ Collins. Mä de bescheidenen Duerfpolizist iwwerrascht sech an anerer doduerch, dass e bei sengem éischte richtege Kriminalfall eng aussergewéinlech gutt Nues beweist. An net nëmmen dat...
“Ein irischer Dorfpolizist” ass wuel en Whodunnit, an dem jo fir d’éischt emol no engem Mäerder gesicht gëtt. Dohanner verstoppt sech awer eng dezent a gefillvoll Libesgeschicht, déi vun engem Mix aus Trauregkeet an Hoffnung lieft. Dat hätt ech perséinlech dem charismateschen Talkmaster, dee jo selwer vun der grénger Insel gebierteg ass, eigentlech guer net zougetraut. Deemno , e Buch dat fir méi wéi eng Iwwerraschung gutt ass. 

"Ein irischer Dorfpolizist" vum Graham Norton ass op Däitsch am Kindler Verlag erauskomm.