Schi-Alpin-WM St. MoritzCatherine Elvinger dierf op Haaptcompetitioun hoffen

Als 36. vun der Qualifikatioun huet d'Lëtzebuergerin eng Chance, fir kënne mat der Weltelite un den Depart vum Riseslalom ze goen.

D'Catherine Elvinger beim Challenge Interclubs zu Amnéville, de 16. Mee 2015.© pressphoto.rtl.lu (archiv)

Op der Weltmeeschterschaft vum Schi Alpin zu St. Mortiz an der Schwäiz steet d'Catherine Elvinger kuerz virun enger Participatioun fir d'Haaptcompetitioun am Riseslalom. D'Lëtzebuergerin koum um Méindeg op déi 36. Plaz vun der Qualifikatioun an dierf elo hoffen.

Schi WM / Reportage Jeff Kettenmeyer

Déi éischt 25 aus der Qualifikatioun sinn schonns direkt bei der Haaptcourse dobäi, dat nieft der Weltelite aus dem Riseslalom déi jo souwisou net duerch d'Qualifikatioun muss.

De Lëtzebuerger Emile Gutenkauf ass zu St. Moritz op der WM dobäi an huet beim Catherine Elvinger nogefrot, wéi et mat de Plazen aus der Natiounewäertung ausgesäit. Nieft de 25, déi direkt qualifizéiert sinn, ginn nach 25 Natioune mat erageholl, déi nach net qualifizéiert sinn. Do huet d'Catherine Elvinger gutt Chancen, fir matgeholl ze ginn.

Virun allem op den zweete Laf aus der Qualifikatioun vum Riseslalom kann d'Catherine Elvinger opbauen. Vun der Zäit hir war si par Rapport zum éischten eng deck hallef Sekonn méi séier. Et wier awer op alle Fall fir en Donneschdeg nach Loft no uewen, d'sou d'Lëtzebuergerin. Am éischte Laf hat d'Lëtzebuergerin e bësse gebraucht, fir a Schwong ze kommen. Vun der Hallschent un ass et dunn awer besser gaangen. Am zweete Laf war et éischter ëmgedréint a grad, well et Ënne méi flaach ass, ass et wichteg, do mat Vitess eranzekommen. Dowéinst huet d'Lëtzebuergerin do Zäit verluer, déi och e puer Plaze kascht huet.

E Mëttwoch steet dann definitiv fest, ob d'Catherine Elvinger en Donneschdeg dierf un den Depart vun der Haaptcourse am Riseslalom goen, asech do ënnert anerem kéint mat de Weltbeschten wéi Tessa Worley oder Mikaela Shiffrin moossen.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.